Winamp Logo
Invité:e vum Dag Cover
Invité:e vum Dag Profile

Invité:e vum Dag

Luxembourgish, Political, 1 season, 370 episodes, 2 days, 13 hours, 44 minutes
About
En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.
Episode Artwork

Charel Goerens

Wat steet bei de Parlamentswalen a Frankräich fir d’EU um Spill? Dat freet de Rick Mertens den DP-Europadéputéierten.
7/5/202415 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

Duncan Roberts

A Groussbritannien deit alles op eng Wal-Victoire vun der Labour-Partei hin. Wéi eng Ännerungen kommen doduerch op d’Briten duer? De Rick Mertens freet e britesche Journalist, dee scho laang zu Lëtzebuerg lieft.
7/4/202412 minutes, 42 seconds
Episode Artwork

Gilles Feith

Zanter der Coronakris kënnt et méi dacks zu Verspéidungen an Annulatioune vu Flich. Mussen d’Passagéier och dëse Summer domat rechnen? De Rick Mertens freet den Direkter vun der Luxair.
7/3/202413 minutes, 53 seconds
Episode Artwork

Franz Fayot

Den LSAP-Deputéierten ënnerstëtzt am franséische Walkampf den Nouveau Front Populaire - zesumme mat Vertrieder vun déi gréng an déi Lénk. Ass eng Lénksallianz och hei am Land denkbar? Déi Fro stellt de Rick Mertens dem fréiere Wirtschaftsminister.
7/2/202413 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

Djuna Bernard

De François Bausch mécht säi Stull am Parlament fräi fir d'Djuna Bernard. D’Christiane Kleer schwätzt mat hir iwwer hir Zukunftspläng an iwwer d'Affär Gaardenhaischen. Wéi batter ass den Nogoût, nodeems kloer ass, datt se fir d'Carole Dieschbourg keng juristesch Konsequenze wäert hunn?
7/1/202414 minutes, 32 seconds
Episode Artwork

Georges Rassel

D’Industrie steet virun Erausfuerderungen: China an d’USA hunn ee Virsprong op déi europäesch Betriber. An déi mussen sech elo - mat hirem dacks schlechten Energiebilan - op eng méi gréng Zukunft preparéieren. Wéi prett ass déi Lëtzebuerger Industrie dofir? Dat freet d'Christiane Kleer deen neie President vun der Industriellevereenegung Fedil.
6/28/202415 minutes, 6 seconds
Episode Artwork

Cécilia Gondard

Dräi Deeg virum 1. Tour vun de Parlamentswalen a Frankräich: D’Benelux-Kandidatin vum Nouveau Front Populaire äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
6/27/202413 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

François Bausch

De grénge Politiker zitt no 35 Joer e Schlussstréch ënner seng politesch Karriär. De Maurice Molitor freet hien no de Grënn an zitt mat him e Bilan.
6/26/202414 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

Simone Asselborn-Bintz

Am Gespréich mam Maurice Molitor kritiséiert d’Presidentin vum LSAP-Gemengeforum a Buergermeeschtesch vu Suessem eng geplangten Ännerung vum kommunale Finanzéierungsschlëssel, bei där eng Majoritéit vu Gemenge méi schlecht ewechkéim.
6/25/202412 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

Luc Heuschling

De Grand-Duc iwwerdréit dem Ierfgroussherzog d'Lieutenance: wat seet déi nei Constitutioun? De Verfassungsrechtler vun der uni.lu äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
6/24/202416 minutes, 13 seconds
Episode Artwork

Stéphanie Obertin

Manner Paperassen a manner Zäitverloscht bei administrativen Demarchen: Et klengt no enger villverspriechender Zukunftsvisioun. Mee kann dee Once only-Prinzip a senger Ëmsetzung den Erwaardungen och gerecht ginn? Dorëms geet am Interview vum Christiane Kleer mat der Ministesch fir Digitalisatioun.
6/21/202414 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

Léon Gloden

Mir froen den Inneminister, wéi hien d'Gemenge wëllt fit maache fir déi geplangte Prozedurevereinfachung am Bausecteur ëmzesetzen, wéi et mat de Policekontrollen op der Grenz mat Däitschland weidergeet, an ob hie mengt, datt déi vill Kriticken an de leschte Méint him geschuet hunn. Duerch d'Gespréich féiert d'Christiane Kleer.
6/20/202417 minutes, 7 seconds
Episode Artwork

Liz Braz

Do wou si untrëtt kann ee mat engem Succès rechnen: esou liesen sech jiddefalls d’Walresultater vun der Liz Braz. Déi jonk Politikerin vun Esch huet d’lescht Joer aus dem Stand fir d’LSAP ee Mandat bei de Gemengewale kritt an e puer Méint méi spéit och eent an der Chamber. Bei den Europawale virun zwou Woche gouf si Zweet op der LSAP-Lëscht virun engem Mars di Bartolomeo, zum Beispill. Wéi mécht si dat, a wat mécht si domat? Dat freet d'Christiane Kleer d'Liz Braz.
6/19/202414 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

Claudia Monti

Ëmmer méi Leit bekloe sech beim Ombudsman, well si vun enger staatlecher Verwaltung, enger Gemeng oder och engem Etablissement public net adäquat behandelt goufen. D’Claudia Monti an hir Ekipp waren d’lescht Joer mat enger Rekordzuel u Reklamatioune befaasst. Gëtt den Déngscht um Bierger ëmmer méi schlecht oder ass d’Ombudsman souzesoen Affer vun hirem Succès? Dat freet d'Christiane Kleer d'Claudia Monti.
6/18/202413 minutes, 50 seconds
Episode Artwork

Romain Wolff

Am Gespréich mam Maurice Molitor reagéiert de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP op dem Premier seng Ukënnegungen am Etat de la Nation.
6/17/202413 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

Philippe Poirier

De Maurice Molitor schwätzt mam Politolog vun der uni.lu iwwer d’Neiwalen a Frankräich an d’Resultater vun 2024er (Lëtzebuerger) POLINDEX-Étude.
6/14/202413 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

Sam Tanson

Déi gréng Reaktioun op den Etat de la Nation. D'Deputéiert Sam Tanson äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
6/13/202415 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

Luc Frieden

Debriefing vun den Europawalen an Explikatiounen zum État de la Nation: Froe vum Maurice Molitor un den CSV-Staatsminister
6/12/202417 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

Jean Asselborn

Wéi geet et virun no den Europawalen? Froe vum Maurice Molitor un de fréieren Ausseminister
6/11/202414 minutes, 45 seconds
Episode Artwork

Déi grouss Table ronde no den Europawalen

Am Studio sinn de Marc Angel (LSAP), de Charel Goerens (DP), de Christophe Hansen (CSV), de Fernand Kartheiser (ADR) an d'Tilly Metz (déi gréng). Moderatioun: Christiane Kleer
6/10/202422 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

Europawalen: Wouhi muss déi europäesch Klimapolitik elo steieren?

Iwwerschwemmungen, Bëschbränn, ze héich Mierestemperaturen - d’Konsequenze vun der Äerderwiermung maache sech iwwerall an Europa bemierkbar. Wéi soll d'EU de Klimawandel nach an de Grëff kréien? Dat freet d'Christiane Kleer d'Martine Kemp vun der CSV, den André Marques vun déi Lénk, d'Nadine Do Carmo vun der Piratepartei an d'Tilly Metz vun déi gréng.
6/7/202429 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

Francine Closener

An Zukunft brauch een 1.000 Ënnerschrëften méi, fir datt an der Chamber iwwer eng Petitioun diskutéiert gëtt. Mee firwat? Dat freet de Rick Mertens d’Presidentin vun der zoustänneger Kommissioun.
6/6/202413 minutes
Episode Artwork

Patrick Ten Brink

Wéi eng Roll huet d’Klimapolitik an der Campagne fir d’Europawale gespillt? A wéi eng Klimapolitik bräicht et an der EU? De Rick Mertens freet de Generalsekretär vum Europäeschen Ëmweltverband EEB.
6/5/202413 minutes, 27 seconds
Episode Artwork

Marie-Agnes Strack-Zimmermann

An Däitschland ass déi europäesch Spëtzekandidatin vun de Liberalen eng vun de bekannste Politikerinnen. Wat wëllt si elo am Europaparlament areechen? Déi Fro stellt de Rick Mertens der FDP-Politikerin.
6/4/202414 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

Nicolas Schmit

An den éischte Woche vum Europawalkampf gouf de sozialistesche Spëtzekandidat als ze zam kritiséiert. De Rick Mertens freet hien, wéi zefridden hie selwer mat senger Campagne ass.
6/3/202413 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

Danielle Filbig, Fernand Kartheiser, Athanase Popov a Joe Thein

Diskussiounsronn zum Theema Migratioun am Virfeld vun den Europawalen, mat Vertrieder vun LSAP, ADR, d’Bréck an déi Konservativ. Moderatioun: Maurice Molitor
5/31/202427 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

Jerry Grbic

De Maurice Molitor schwätzt mam CEO vun der ABBL iwwer d’Clôture vu Konte bei der ING an iwwer déi nei SPV-Initiativ vum Bankesecteur fir dem Wunnengsbau nees op d’Been ze hëllefen.
5/30/202413 minutes, 52 seconds
Episode Artwork

Terry Reintke

D’Ëmfroe soen de Gréngen a ville Länner grouss Verloschter bei den Europawale viraus. Ass den Negativtrend nach ze stoppen? De Rick Mertens freet déi europawäit Spëtzekandidatin.
5/29/202416 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

Pascal Peters

Mam neie Generaldirekter vun der Police schwätzt de Maurice Molitor ë. a. iwwer lokal Police-Unitéiten a massiv Rekrutementer, iwwer Equipementer an Digitalisatioun.
5/28/202413 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

Conny Jaroni, Patrick Lamesch an Ali Ruckert

Am Virfeld vun den Europawalen: eng Ronn mat Vertrieder vun dräi klenge Parteien, déi keng Aussiicht op e Sëtz hunn: VOLT, déi Konservativ a KPL. Moderatioun: Maurice Molitor
5/27/202421 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

Debat: Wéi eng Verdeedegungspolitik brauch d’EU?

Iwwer déi Fro diskutéiert de Rick Mertens en Vue vun den Europawalen mat Vertrieder vun DP, déi Lénk, Fokus a Mir d’Vollék.
5/24/202424 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

Anna-Sophie Heinze

Bei den Europawale gëtt mat engem Opschwong fir déi radikal riets Parteie gerechent. Firwat ass dat esou? Dat freet de Rick Mertens d’Politologin vun der Uni Tréier.
5/23/202412 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

Petra Böwen

Lëtzebuerg ass e räicht Land, an awer ass bal all véiert Kand vum Aarmutsrisiko betraff. Firwat kréie mir dat net an de Grëff? Dat freet de Rick Mertens d'Invitée, déi de soziale Secteur am Land gutt kennt.
5/22/202413 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

Fred Ternes

Bis 2030 wëllt Nidderaanwen klimaneutral sinn. Klengt gutt, mee wat heescht dat genee? A wéi steet den CSV-Buergermeeschter zur Klimapolitik vu senger Partei? Dat freet d'Christiane Kleer de Fred Ternes.
5/21/202413 minutes, 27 seconds
Episode Artwork

Fabricio Costa, Charles Goerens, Christophe Hansen an Alexandra Schoos

Diskussiounsronn am Virfeld vun den Europawalen, mat Vertrieder vun déi gréng, DP, CSV an ADR. Theema: Landwirtschaft. Moderatioun: Maurice Molitor
5/17/202426 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

Walter Baier

Den éisträichesche Kommunist ass bei den Europawalen de Spëtzekandidat vun der Partei vun der europäescher Lénker, zu där och déi Lénk vu Lëtzebuerg gehéieren. Hien äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
5/16/202411 minutes, 54 seconds
Episode Artwork

Fabrizio Bei

De Maurice Molitor schwätzt mam President vum FC Déifferdeng 03 iwwer den 1. Championstitel an der Geschicht vum Veräin, dee virun 21 Joer aus der Fusioun vu Red Boys an AS Déifferdeng ervirgaangen ass.
5/15/202413 minutes, 12 seconds
Episode Artwork

Elisabeth Margue

De Maurice Molitor schwätzt mat der CSV-Justizministesch ënner anerem iwwer d’Stéchwierder Heescherei, Jugendprisong a Comparution immédiate.
5/14/202413 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

Marc Reiter

Et gëtt ëmmer méi Wëld am Bësch - an dat deet deem net gutt. Wiisst dowéinst d'Unerkennung vun der Juegd a wéi eng Fuerderungen entstinn doraus? Dat freet d'Christiane Kleer de Vize-President vun der Jeeërfederatioun.
5/13/202415 minutes, 12 seconds
Episode Artwork

Mécht d’EU genuch fir hir Bierger sozial ofzesécheren?

Doriwwer diskutéiert de Rick Mertens am Virfeld vun den Europawalen mam Ali Ruckert (KPL), Marc Angel (LSAP), Raymond Remakel (Piraten) a mam Philippe Schannes (Volt).
5/10/20240
Episode Artwork

Invité vum Dag: Markus Beyrer

Déi europäesch Wirtschaft erlieft de Moment keng ganz einfach Zäiten. D'Konkurrenten USA a China leien a Saache Wuesstem e gutt Stéck vir, gläichzäiteg suerge geopolitesch Tensioune fir Stress an d'Transitioun a Richtung gréng Zukunft erfuerdert vun enger Partie Entreprisë vill Efforten. D'Lobbyorganisatioun BusinessEurope fuerdert dofir, datt an der nächster Legislatur vun der EU-Kommissioun eng Rei Weiche nei gestallt ginn. Hire President, den Eisträicher Markus Beyrer ass dem Christiane Kleer säin Invité vum Dag.
5/8/202415 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

Emile Eicher

Sinn d’Lëtzebuerger Gemenge gutt genuch géint Cyberattacke geschützt? Dat freet de Rick Mertens de President vum Gemengeverband Syvicol.
5/7/202413 minutes, 27 seconds
Episode Artwork

Anne Winter (Fokus), Peter Freitag (Mir d'Vollék) & Athanase Popov (d'Bréck)

Fir den 9. Juni ee vun de sechs Lëtzebuerger Sëtz ze kréie muss een op mannst op 10 Prozent vun de Stëmme kommen. Wéi geet et an de Walkampf wann ee weess, datt dat Zil net erreeche wäert sinn? Dat freet d'Christiane Kleer d'Ronn.
5/6/202427 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

Stephan Gehmacher

Am Interview mam Maurice Molitor schwätzt de Generaldirekter vun der Philharmonie ë.a. iwwer de Concertsprogramm vun der Saison 2024/25, den Ausbau vum Gebai an d’Sich no engem neie Chefdirigent fir d’Lëtzebuerger Philharmoniker.
5/3/202414 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

Patrick Dury

D’Sozialwale sinn eriwwer, mee d’Theme bleiwen: de Maurice Molitor schwätzt mam LCGB-President iwwer déi zentral Punkten aus senger 1. Mee-Ried.
5/2/202414 minutes, 1 second
Episode Artwork

Serge Kollwelter

Am Kontext vun der Portugal-Expo am Musée: Erënnerungen un d’Ufäng vun der portugisescher Immigratioun hei am Land. De Maurice Molitor schwätzt mam Serge Kollwelter, deen als Schoulmeeschter a Scoutechef direkt enk Liene mat där neier Communautéit opgebaut huet.
4/30/20240
Episode Artwork

Laurent Moyse

De Lëtzebuerger Journalist zeechent a sengem aktuelle Buch een düstert Bild vun der Press vun haut. Wat ass senger Meenung no schif gelaf a war fréier wierklech alles besser? Dat freet d'Christiane Kleer hien.
4/29/202415 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

Yves Stein

D’Lëtzebuerger Banken hunn d’lescht Joer e Rekordgewënn gemaach. Mee hunn d’Clienten och eppes dovun? De Rick Mertens freet den neie President vun der Bankenassociatioun ABBL.
4/26/202414 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

Ainhoa Achutegui

Déi obligatoresch Bedenkzäit virun enger Ofdreiwung gëtt ofgeschaaft. Misst ee soss nach eppes um Ofdreiwungs-Gesetz änneren? Dat freet de Rick Mertens d’Presidentin vum Planning Familial.
4/25/202413 minutes, 59 seconds
Episode Artwork

Taina Bofferding

Als Oppositiounspartei wäert d’LSAP dës Woch natierlech géint der Regierung hire Staatsbudget stëmmen. Mee wat hätten d’Sozialisten anescht gemaach? De Rick Mertens freet hir Fraktiounscheffin.
4/24/202412 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

Helge Dorstewitz

A ronn 10 Joer sollen all Dag eng 200.000 Leit mam Tram fueren. Am Kär vun der Stad wäert et bis dohin awer bei just enger Linn bleiwen. Obwuel Luxtram den Tronçon duerch d'Neipuertsgaass virdrun als wichteg agestuuft huet, ass déi Optioun elo mol vum Dësch. Firwat? Dat freet d'Christiane Kleer den designéierte Generaldirekter vu Luxtram.
4/23/202414 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

Amela Skenderović

D’Christiane Kleer schwätzt mat hir iwwer hir Ambitiounen, mee och iwwer een Thema, bei deem grad déi jonk Demokraten net op enger Linn leie mat der Mammepartei, nämlech d’Atomkraaft.
4/22/202411 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

Tilly Metz

De Maurice Molitor schwätzt mat där grénger Europadeputéierter, déi hir Aarbecht am Europaparlament gär no de Wale vum 9. Juni viruféiere géif.
4/19/202414 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Roger Spautz

Greenpeace presentéiert haut e Rapport, deen zu der Conclusioun kënnt, dass d'Lafzäit vun de Reaktere vu Cattenom u sech no 40 Joer net méi däerft verlängert ginn. De Roger Spautz vun der Ëmweltorganisatioun gëtt Explikatiounen dozou am Gespréich mam Maurice Molitor.
4/18/202415 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

Danielle Filbig

Froe vum Maurice Molitor un d'Co-Spëtzekandidatin op der LSAP-Lëscht fir d'Europawalen
4/17/202412 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

Charel Schmit

Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKaJu) huet sech a sengem Joresrapport 2023 besonnesch fir déi pediatresch Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg interesséiert. De Maurice Molitor schwätzt mam Charel Schmit iwwer seng Conclusiounen.
4/16/202413 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

Didier Kienou

Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert de Vertrieder vun der Lëtzebuerger ONG "Le Soleil dans la Main" am Burkina Faso, firwat een d'Länner aus der Sahelzon trotz politescher Instabilitéit weider begleede sollt.
4/15/202412 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

Romain Bausch

De Projet fir de Staatsbudget 2024 soll de 25. Abrëll an der Chamber gestëmmt ginn. Am Virfeld dovu schwätzt de Serge Kesseler mam President vum Conseil National des Finances Publiques, mam Romain Bausch: dat iwwer den Zoustand vun de Staatsfinanzen an iwwer déi geplangten nei EU-Scholdereegelen.
4/12/202416 minutes, 15 seconds
Episode Artwork

Hejko Krüger

D’Parkinsonkrankheet gëtt ëmmer méi heefeg. Wouru läit dat? A wéi kann een se behandelen? Dat freet de Rick Mertens de weltwäit unerkannte Parkinson-Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg.
4/11/202411 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

Anne Calteux

An zwee Méint gëtt en neit Europaparlament gewielt. Wat heescht dat fir d’EU-Kommissioun? Dat freet de Rick Mertens déi offiziell Vertriederin vun der Kommissioun zu Lëtzebuerg.
4/10/202414 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

Bob Steichen

Firwat wëllt Ettelbréck keng Fixerstuff? Dat ass eng vun de Froen, déi mir dem Buergermeeschter stellen. Aner Sujete sinn d’Heescheverbuet an d’Nordstad-Fusioun. Moderatioun: Rick Mertens
4/9/202416 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

Raymond Remakel

Bei de Chamberwale sinn d’Piraten hanner den héijen Erwaardungen zeréckbliwwen. Mat wéi engen Ziler gi si elo an d’Europawalen? De Rick Mertens freet hire Spëtzekandidat.
4/8/202413 minutes, 30 seconds
Episode Artwork

Camille Dahm

De President vun der Vëlosportfederatioun bleift véier weider Joer am Amt. Wat wëllt hien an der Zäit erreechen? Dat freet de Rick Mertens hien.
4/5/202415 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

Christian Hahn

D’Landwirtschaftskammer huet en neie President. De Rick Mertens freet hien, wat hie wëllt anescht maache wéi säi Virgänger.
4/4/20240
Episode Artwork

Blanche Weber

De Mouvement Ecologique fänkt un d’Gedold mat der neier Regierung ze verléieren. Wouru läit dat? A wat misst sech änneren? De Rick Mertens freet d'Presidentin vum Mouvéco.
4/3/202414 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

Melanie Noesen

An der Ecole Nationale pour Adultes kann een och méi spéit am Liewen nach en Diplom maachen. Firwat gëtt d’Nofro dofir ëmmer méi grouss? De Rick Mertens freet déi nei Direktesch vun der ENAD.
4/2/202412 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

Gilles Baum

Ass déi nei Regierung sech net ganz esou eens, wéi et bis elo geschéngt huet? Déi Fro stellt de Rick Mertens dem DP-Fraktiounschef, nodeems an de leschten Deeg vill doriwwer diskutéiert gouf, wéi d’Regierung zur Atomenergie steet.
3/29/202412 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

François Benoy

Deen neie Stater Mobilitéitsplang steet kuerz no senger Publicatioun schonn an der Kritik. Wat hätten déi Gréng anescht gemaach? De Rick Mertens freet hire Conseiller François Benoy.
3/28/202414 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

Alex Penning

D’ADR huet vun e Freideg un zwee Vertrieder am Staatsrot. Gëtt de politeschen Afloss vun der Partei doduerch méi grouss? Dat freet de Rick Mertens der ADR hiren neie Member am Staatsrot.
3/27/202413 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

Joëlle Damé

Mat der Presidentin vun der Enseignantsgewerkschaft SEW diskutéiert de Jacques Ganser iwwer déi akut Problemer an der sougenannter Voie de préparation.
3/26/202412 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

Ana Correia da Veiga

déi Lénk hu gëschter hir sechs Kandidate fir d'Europawale festgeluecht. Parallel gouf de Walprogramm gestëmmt. Eng vun hire Kandidatinnen, d'Ana Correia da Veiga ass Invitée vum Jacques Ganser.
3/25/202414 minutes, 12 seconds
Episode Artwork

Michel Leytem

De Klimawandel mécht dem Bësch ze schafen. E groussen Deel vun de Beem hei am Land ass geschiedegt. Invité beim Jacques Ganser ass den Direkter vun der Naturverwaltung.
3/22/202415 minutes, 3 seconds
Episode Artwork

Stéphanie Obertin

De Maurice Molitor schwätzt mat der DP-Ministesch fir Digitalisatioun, Héichschoul a Fuerschung, déi eng vun de grousse personellen Iwwerraschunge bei der Virstellung vun der schwaarz-bloer Regierungsekipp war.
3/21/202413 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

Yuriko Backes

No der Reunioun vun der Ukrain-Kontaktgrupp gëschter zu Ramstein: Froe vum Maurice Molitor un d’Lëtzebuerger Verdeedegungsministerin.
3/20/202414 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

Yuriko Backes

No der Reunioun vun der Ukrain-Kontaktgrupp gëschter zu Ramstein: Froe vum Maurice Molitor un d’Lëtzebuerger Verdeedegungsministerin.
3/20/202414 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

Claude Wiseler

Manner Riedezäit (am Plenum), méi Ëffentlechkeet (vun de Kommissiounen): de Maurice Molitor schwätzt mam Chamberpresident iwwer zwou vu sengem Iddien, déi haut ëmgesat ginn.
3/19/202413 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

Sergio Ferreira

Mam politeschen Direkter vun der ASTI schwätzt d'Christiane Kleer iwwer d'Aktualitéit an der Lëtzebuerger Migratiounspolitik a rietspopulistesch Tendenzen am Virfeld vun den Europawalen.
3/18/202413 minutes, 3 seconds
Episode Artwork

Ralf Uhlenbruch

Mam Buergermeeschter aus dem saarlännesche Pierel schwätzt d'Christiane Kleer iwwer déi rasant Entwécklung vun der Grenzgemeng, an där haut eng 2.800 Lëtzebuerger liewen.
3/15/202413 minutes, 30 seconds
Episode Artwork

Nora Back a Christophe Knebeler

Mat der Presidentin vum OGBL an dem Generalsekretär adjoint vum LCGB kuckt d'Christiane Kleer op d'Resultater vun de Wale fir d'Personaldelegatiounen an de Betriber.
3/14/202415 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

Claude Meisch

Kuerzfristeg méi bauen a méi kafen, fir esou méi Leit den Zougank zu erschwénglechem Logement op ze maachen a gläichzäiteg d'Baukris ze léisen - dat ass dat erkläerten Zil vun der neier Regierung. Wéi dat soll ëmgesat gi freet d'Christiane Kleer de Logementsminister.
3/13/202415 minutes, 3 seconds
Episode Artwork

Georges Mischo

Um Stéchdag vun de Sozialwalen schwätzt d'Christiane Kleer mam CSV-Aarbechtsminister iwwer d'Bedeitung vun dësem Rendez-vous fir d'Aarbechtswelt a fir d'Politik.
3/12/202415 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

Noémie Sadler

Déi jonk Affekotin presidéiert zanter leschter Woch déi consultativ Mënscherechtskommissioun. D'Christiane Kleer freet si, wéi si un dës nei Erausfuerderung erugeet, a wat d'CCDH an den nächste Méint vun der Regierung erwaart.
3/11/202413 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

Michelle Cloos

Haut um Weltfraendag schwätzt de Maurice Molitor mat der OGBL-Gewerkschaftssekretärin, déi den 1. Mee Generaldirectrice vum Grupp Editpress gëtt.
3/8/202413 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

Gilles Roth

Den Dag no der Virstellung vum Budgetsprojet 2024: Froe vum Maurice Molitor un de Finanzminister
3/7/202413 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

Claude Reuter

Virun de Sozialwalen: Froe vum Maurice Molitor un de President vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC, déi am zweeten Ulaf e Sëtz an der CSL upeilt.
3/6/202413 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

Martine Hansen

Nom Landwirtschaftsdësch vu gëschtER: Froe vum Maurice Molitor un d’CSV-Agrarministesch.
3/5/202414 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

Guy Entringer

Mam Direkter vun der SNHBM schwätzt d'Christiane Kleer iwwer déi aktuell Kris am Secteur a freet hien, firwat déi ëffentlech Promoteuren net beim Logementsdësch dobäi waren.
3/4/202414 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

Monica Semedo a Frank Engel

D'Monica Semedo gouf wéinst Mobbing zweemol vum Europaparlament sanktionéiert. Firwat stellt Fokus si elo trotzdeem fir d'Europawalen op? Dat freet de Rick Mertens de Parteispriecher Frank Engel an d'Monica Semedo selwer.
3/1/202415 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

Isabel Wiseler-Lima

Wéi eng Schwéierpunkte wëllt d'CSV am Walkampf fir d'Europawale setzen? De Rick Mertens freet der CSV hir déngschteelsten Europadéputéiert, déi och nach eng Kéier mat an d'Course geet.
2/29/202415 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

Steve Thull

De franséische President schléisst westlech Truppen an d’Ukrain net aus. Musse mir eis also drop astellen, datt och Lëtzebuerger Zaldote kéinten an de Krich zéien? De Rick Mertens freet den Arméi-Chef.
2/28/202413 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

Henri Reding

ArcelorMittal huet an de leschte Joren Aarbechtsplazen hei am Land ofgebaut. Wéi gesäit Zukunft vum Stolris zu Lëtzebuerg aus? De Rick Mertens freet den Direkter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg.
2/27/202412 minutes, 6 seconds
Episode Artwork

Martine Goergen

D'Chirurgin gëtt dëse Freideg nei Generaldirektesch vum Stater CHL. Hire gréisste Chantier gëtt fir unzefänken deen op der Areler Strooss. Wat ännert sech fir d'Personal a fir d'Patienten?
2/26/202414 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

François Bausch

D'Froe vum Maurice Molitor dréinen ëm seng Kandidatur op der grénger Europalëscht, säi Bilan no 100 Deeg schwaarz-blo a seng Aschätzung no 2 Joer Ukrainkrich.
2/23/202414 minutes, 3 seconds
Episode Artwork

Roberto Mendolia

D'Zäit vun der renger Bankegewerkschaft ass eriwwer: d'ALEBA wëll sech als 3. gouss Gewerkschaft am Privatsecteur etabléieren. Froe vum Maurice Molitor un hire President.
2/22/202414 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

Nora Back a Patrick Dury

Knapp dräi Woche virun de Sozialwale schwätzt de Maurice Molitor mat der Presidentin vum OGBL an dem President vum LCGB iwwer Meenungsverschiddenheeten a Gemeinsamkeeten.
2/21/202416 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

André Mehlen

Mam Generaldirekter vu Vinsmoselle schwätze mir haut iwwer d'Erausfuederungen am Lëtzebuerger Wäibau Moderatioun: Jacques Ganser
2/20/202411 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

Armand Wildanger

Mam President vum NGL-SNEP schwätze mir iwwert déi kommend Sozialwalen.
2/19/202410 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

Isabelle Medinger

D’Sécurité Routière fuedert méi streng Strofe fir geféierlecht Verhalen am Stroosseverkéier. Ass dat de beschte Wee fir Accidenter ze reduzéieren? De Rick Mertens freet d’Direktesch vun der asbl, déi sech fir d'Sécherheet op de Stroossen asetzt.
2/16/202412 minutes, 46 seconds
Episode Artwork

Jean-Michel Campanella

D’Regierung wëllt de Wunnengsmarché erëm ukuerbelen. Mee hunn och d’Locatairen eppes dovun? Dat freet de Rick Mertens de President vum Mieterschutz.
2/15/202412 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

Raymond Aendekerk

Zënter 40 Joer protestéiert Greenpeace hei am Land fir méi Ëmweltschutz. Wäert dee Protest ënnert der neier DP-CSV-Regierung zouhuelen? De Rick Mertens freet den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg.
2/14/202413 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

Mylène Bianchy

Den Eisebunner-Syndikat Syprolux ass eng vun de leschte Gewerkschaften am Land, déi sech op ee Secteur konzentréieren. Mee huet dee Modell eng Zukunft? De Rick Mertens freet d'Presidentin vum Syprolux.
2/13/202414 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

Loïc Hoscheit

Déi national Anti-Doping Agence ALAD huet mam Loïc Hoscheit en neien Direkter. D'Agence selwer kritt mam Domaine vun der Ethik och nei Responsabilitéiten. De Jacques Ganser freet den Direkter, wéi hien un déi nei Aufgabe wëll erugoen.
2/12/20240
Episode Artwork

Georges Ravarani

Froe vum Maurice Molitor un de Lëtzebuerger Riichter op der europäescher Cour des Droits de l'Homme, deem säi Mandat den 30. Abrëll op en Enn geet.
2/9/20240
Episode Artwork

Luc Siebenaller

Am Gespréich mam Maurice Molitor reagéiert de President vum Cercle des ONGD op d'Décisioun vun der Regierung, d'Partenariater mat Mali, Niger a Burkina Faso auslafen ze loossen.
2/8/202413 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

Guy Feyder

Een Dag virun der Réunioun vum Agrarsecteur mam Premier: Froe vum Maurice Molitor un de President vun der Landwirtschaftskammer
2/7/20240
Episode Artwork

Laurence Gillen

Dräi Deeg no der Manif vu Leit aus dem Garer Quartier an der Stad: Eent vun de Gesiichter vum Protest am Interview beim Maurice Molitor.
2/6/20240
Episode Artwork

Philippe Mersch

Mam President vun der Fedamo zitt d'Christiane Kleer de Bilan vum Autosfestival a stellt d’Fro, wéi grouss d’Begeeschterung fir den Autoskaf ass an Zäiten, wou vill Leit sech Suergen ëm d’Ëmwelt, d'Liewensqualitéit an hire Portmonni maachen.
2/5/20240
Episode Artwork

Serge Allard

D’Grippesaison ass voll am Gaang. Wéi staark sinn déi Jéngst dëst Joer vun den Infektioune betraff? Rick Mertens freet de President vun der Associatioun vun de Kannerdokteren.
2/2/20240
Episode Artwork

Jean-Luc de Matteis a Robert Fornieri

D'Regierung wëllt de Bausecteur relancéieren an d'Wunnen erëm méi bëlleg maachen. Mee iwwerzeegen déi annoncéiert Mesuren och d'Gewerkschaften? De Rick Mertens freet bei OGBL an LCGB no.
2/1/20240
Episode Artwork

Thierry Hoscheit

Verstéisst d'Stater Heescheverbuet géint d'Verfassung? De Rick Mertens freet den neie President vun der Cour constitutionnelle, wéi déi Fro ka gekläert ginn.
1/31/20240
Episode Artwork

Xavier Bettel

Den Ausseminister schwätzt sech op der internationaler Bün gär fir de Rechtsstaat aus. Mee wéi konsequent ass d’Lëtzebuerger Regierung op dem Punkt? Dat freet de Rick Mertens de Chefdiplomat.
1/30/20240
Episode Artwork

Corinne Cahen

Grad an de Stied sinn déi Leit, déi an Aarmut liewen besonnesch visibel: dorënner och déi, déi heesche fir ze iwwerliewen. Ass et och an der DP-Sozialschäffen hirem Sënn, datt Heescherten aus dem Stadbild verschwannen?
1/29/20240
Episode Artwork

Lex Delles

De Bausecteur ass en crise: wat beidet dat? Froe vum Maurice Molitor un de Wirtschaftsminister.
1/26/20240
Episode Artwork

Martine Solovieff

De Maurice Molitor befreet Procureure générale d’État iwwer den Heescheverbuet, d'Comparution immédiate an den neie Conseil national de la Justice, dee si presidéiert.
1/25/20240
Episode Artwork

Patrick Dury

D'Sozialwalen, eng eventuell Pensiounsreform an d'Situatioun um Bau si Stéchwieder am Gespréich, dat de Maurice Molitor mam LCGB-President féiert.
1/24/20240
Episode Artwork

Christophe Hansen

Platzt dem CSV-Politiker säin Dram vum EU-Kommissär wéinst der Spëtzekandidatur vum Nicolas Schmit? Ënner anerem dat freet de Maurice Molitor.
1/23/20240
Episode Artwork

Marc Ruppert

De Frank Engel féiert déi nach jonk Partei Fokus duerch hiren éischten Europa-Walkampf. Mee wéi vill Optimismus an Zesummenhalt gëtt et nach bei Fokus no zwou Walnéierlagen a rezent méi kriteschen Artikelen an der Press? Dat freet d'Christiane Kleer de Parteipresident.
1/22/20240
Episode Artwork

Nicolas Schmit

De fréieren LSAP-Minister féiert déi europäesch Sozialisten als Spëtzekandidat an d’Walen. Mee huet hie wierklech Chancë Kommissiounspresident ze ginn? Moderatioun: Rick Mertens
1/19/20240
Episode Artwork

Marlène Negrini

D’Policegewerkschaft SNPGL weist sech skeptesch géintiwwer dem Stater Heescheverbuet. Wéi eng Erfarungen hunn d’Poliziste bis elo Terrain gemaach? De Rick Mertens freet d’SNPGL-Presidentin.
1/18/20240
Episode Artwork

Spezial: Wéi ass d'Wiederlag den Ament?

Wéinst staarkem Äisreen gëllt zanter 6 Auer déi héchst Wiederwarnung. Mam Luca Matthias vu Meteolux a mat eiser Reporterin Sophie Schroeder maache mir de Point. Moderatioun: Rick Mertens
1/17/20240
Episode Artwork

Sylvain Hoffmann

Déi nei Sozialministesch wëllt de Pensiounssystem iwwerdenke fir d’Pensiounen ofzesécheren. Mee ass dat wierklech néideg? De Rick Mertens freet den Direkter vun der Chambre des Salariés.
1/16/20240
Episode Artwork

Jean-Claude Hollerich

D’Relioun ass fir vill Leit ëmmer manner wichteg, seet de Statec, an an de Keese vum Bistum si grouss Lächer zanter der Trennung vu Kierch a Staat. Kloer ass: An de leschten zéng Joer huet d’Roll vun der Kathoulescher Kierch an der Ëffentlechkeet zu Lëtzebuerg nach eemol staark ofgeholl. De Virworf, datt d'Kierch et verpasst hätt mat der Zäit ze goen, ass net ze iwwerhéieren, net nëmmen hei am Land. Wéi soll et elo weidergoen? Dat freet d’Christiane Kleer de Lëtzebuerger Kardinol.
1/15/20240
Episode Artwork

Gilbert Pregno

No zéng Joer un der Spëtzt vun der consultativer Mënscherechtskommissioun stellt de President säi Posten zur Verfügung. Hien äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
1/12/20240
Episode Artwork

Jill Goeres

No sechs Méint un der Spëtzt vun der Gemeng Bech: Froe vum Maurice Molitor un déi jéngst Buergermeeschtesch am Land.
1/11/20240
Episode Artwork

Guy Hoffmann

Vun A wéi Agencen bis Z wéi Zënsen: Froe vum Maurice Molitor un de President vun der Raiffeisebank
1/10/20240
Episode Artwork

Paul Nathan

De Maurice Molitor mam Vize-President vun der Handwierkerkammer iwwer d’Suergen an d’Erwaardunge vun der Baubranche.
1/9/20240
Episode Artwork

Carole Reckinger

Zanter Kuerzem däerf een an der Stad net méi heeschen. Wat bedeit dat fir Leit, déi op der Strooss sinn? De Rick Mertens freet déi politesch Spriecherin vun der Caritas.
1/8/20240
Episode Artwork

Leonie de Jonge

Och 2024 gëtt e Superwaljoer: Nach ni goufen et ronderëm d’Welt esou vill Wale wéi dëst Joer. Riskéieren och esou vill Populiste gewielt ze gi wéi nach ni virdrun? Dat freet de Rick Mertens eng Lëtzebuerger Populismus-Fuerscherin.
1/5/20240
Episode Artwork

Monique Reiff

Déi nei Regierung wëllt d’Spideeler entlaaschten, andeems se méi klengen Dokteschpraxisse méi Méiglechkeete gëtt. Mee déi festagestallte Spidolsdoktere si skeptesch. De Rick Mertens freet hier Präsidentin firwat.
1/4/20240
Episode Artwork

Isabelle Schlesser

D’Ekonomie dréit am Moment méi lues, an de Chômage klëmmt. Wéi vill Suerge muss ee sech fir 2024 maachen? De Rick Mertens freet d’Direktesch vum Aarbechtsamt ADEM.
1/3/20240
Episode Artwork

Shirley Feider

Wou gëtt et am Ëmgang mat de Patienten nach Loft no uewen? Dat froe mir d'Presidentin vun der CAPAT, dem Daachverband vun de Patientenassociatiounen. Moderatioun: Rick Mertens
1/2/20240
Episode Artwork

Raymond Conzemius

Mam techneschen Direkter vum COSL kuckt de Maurice Molitor no vir op d'Olympesch Spiller 2024 zu Paräis.
12/29/20230
Episode Artwork

Carole Hartmann

Mat der DP-Generalsekretärin an neier Iechternacher Buergermeeschtesch kuckt de Maurice Molitor zeréck op een - fir hir Partei a fir si perséinlech - erfollegräicht Superwaljoer 2023.
12/28/20230
Episode Artwork

Djuna Bernard

2023, en Annus horribilis fir déi gréng. De Maurice Molitor mecht e Réck- an en Ausbléck mat der Co-Presidentin vun der Partei.
12/27/20230
Episode Artwork

Julien Licheron

Wéineg Aktivitéit um Lëtzebuerger Wunnengsmaart am 3. Trimester: 2023: d’Analys vum LISER-Fuerscher am Interview beim Maurice Molitor
12/22/20230
Episode Artwork

Tom Haas

Déi nei Note de conjoncture vum STATEC zeechent kee rosegt Bild vun eiser Ekonomie. Ee vun hiren Auteuren erkläert d'Hannergrënn am Gespréich mam Maurice Molitor.
12/21/20230
Episode Artwork

Fred Keup

Geet et eiser Sprooch esou gutt oder esou schlecht wéi ni? Dat zweet, seet den ADR-Fraktiounschef am Gespréich mam Maurice Molitor.
12/20/20230
Episode Artwork

Yuriko Backes

Mobilitéit, ëffentlech Bauten, Verdeedegun an Egalité sinn déi nei Ressorte vun der Ex-Finanzministesch. Froen dozou vum Maurice Molitor
12/19/20230
Episode Artwork

Luc Frieden

No engem Mount an engem Dag als neie Regierungschef: de Premier am Interview beim Maurice Molitor.
12/18/20230
Episode Artwork

Serge Wilmes

.
12/15/20230
Episode Artwork

Monique Hermes

De Maurice Molitor schwätzt mat der neier Buergermeeschtesch vu Gréiwemaacher, déi de Léon Gloden un der Spëtzt vun der Gemeng ersetzt.
12/14/20230
Episode Artwork

Den CSV-Inneminister Léon Gloden huet gréng Luucht gi fir dat ëmstriddent Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg iwwert den Heescheverbuet. Riskéiert Lëtzebuerg dann net änlech ewéi d'Schwäiz am Fall vun engem Recours vum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff kondamnéiert ze ginn? Eng Fro iwwert déi mam neien CSV-Inneminister diskutéiert gëtt.
12/13/20230
Episode Artwork

Pierre Reding

D'Lëtzebuergescht als Haaptsprooch Doheem an op der Aarbecht an an der Schoul hëlt of, aner Sproochen diversifiéieren d'Sproochelandschaft. Mam Comissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch de Pierre Reding diskutéiere mer iwwert den Défi den Zougang zur Sprooch ze vereinfachen a mir kucken ob déi Etüd vum Statec hindeit datt d'Lëtzebuergescht un Terrain verléiert.
12/12/20230
Episode Artwork

Antoine Fischbach

No der Publikatioun vu PISA 2022 - ouni Lëtzebuerg: Froe vum Maurice Molitor un de “Mister Schoulmonitoring” vun der uni.lu
12/11/20230
Episode Artwork

Joëlle Welfring

De Maurice Molitor schwätzt mat der fréierer Ëmweltministesch an aktueller Deputéierter vun déi gréng iwwer d’COP28 an d’Klimapläng vun der neier Regierung.
12/8/20230
Episode Artwork

Guy Castegnaro & Robert Schneider

De Maurice Molitor ënnerhält sech mat den zwee Co-Auteure vum Buch “De Casteg” iwwer de Gewerkschaftsleader John Castegnaro.
12/7/20230
Episode Artwork

Michel Reckinger

De Maurice Molitor schwätzt mam UEL-President a Patron vun engem Installateursbetrib iwwer d'Wunnengsbau- a d'Wärmepompel-Offensiven.
12/6/20230
Episode Artwork

Romain Wolff

De President vun der CGFP iwwer d'Erwaardunge vu senger Organisatioun un déi nei Regierung
12/5/20230
Episode Artwork

Christian Weis

Dräi Deeg viru senger Vereedegung: Froe vum Maurice Molitor un deen neie Buergermeeschter vun Esch/Uelzecht
12/4/20230
Episode Artwork

Florian Bieber

Gehéieren d'Länner vum Westbalkan an d'Europäesch Unioun? Ë. a. dat freet de Maurice Molitor den Auteur vum Buch "Pulverfass Balkan".
12/1/20230
Episode Artwork

François Koepp

De Lëtzebuerger gëtt nees grad esouvill Geld am Restaurant aus wéi virun der Pandemie. Ass déi schwéier Zäit fir zerguttst iwwerstanen? De Maurice Molitor freet de Generalsekretär vun der Horesca.
11/30/20230
Episode Artwork

Elisabeth Margue

De Maurice Molitor schwätzt mat der neier Justizministesch an elo eenzeger CSV-Presidentin.
11/29/20230
Episode Artwork

Martine Deprez

De Maurice Molitor am Gespréich mat der neier Gesondheets- a Sozialministerin
11/28/20230
Episode Artwork

Gilles Roth

Wat ass eng “responsabel an nohalteg Budgetspolitik”? Den neie Finanzminister am Interview beim Maurice Molitor
11/27/20230
Episode Artwork

Marc Baum

De Maurice Molitor freet den Deputéierte vun déi Lénk, wat d’Pläng vun der neier Regierung “kal an däischter” mécht.
11/24/20230
Episode Artwork

Claude Meisch

De Maurice Molitor schwätzt mam alen Educatiouns- an neie Logementsminister iwwer dee gewaltegen Aarbechtspensum, deen hie sech opgelueden huet.
11/23/20230
Episode Artwork

Claude Wiseler

Léiwer Éischte Bierger wéi nach eemol Minister: den neie Chamberpresident äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
11/22/20230
Episode Artwork

Nora Back

Véier Deeg nom Leak vum Koalitiounsaccord a véier Méint virun de Sozialwalen: Froe vum Maurice Molitor un d’Presidentin vum OGBL.
11/21/20230
Episode Artwork

Pia Oppel a Christoph Bumb

Am Gespréich mam Maurice Molitor analyséieren d'100,7-Journalistin an de Reporter.lu-Chefredakter de Koalitiounsaccord.
11/20/20230
Episode Artwork

Marc Spautz

Froe vum Maurice Molitor un den neie President vun der CSV-Fraktioun an der Chamber
11/17/20230
Episode Artwork

Sam Tanson

Haut nach Ministesch, vun en Dënschdeg un Oppositiounsdeputéiert: Froe vum Maurice Molitor un d'Ex-Spëtzekandidatin vun déi gréng iwwer hir nei Roll.
11/16/20230
Episode Artwork

Taina Bofferding

Trotz hirem gudde Walresultat war d'nach-Ministesch net onbedéngt predestinéiert fir Presidentin vun hirer Fraktioun, der LSAP ze ginn. Wéi wëllt si virgoe fir déi nei Ekipp zesummenzeféieren an hir Plaz op der Oppositiounsbänk ze definéieren?
11/15/20230
Episode Artwork

Karin Weyer

Zanter dem Ufank vum Krich am Noen Osten hunn Ufeindungen an och Menacë géint Judden erëm zougeholl. Wéi huet d’Lag zu Lëtzebuerg sech entwéckelt? Dat freet d'Christiane Kleer d’Direktesch vum Zenter géint Radikaliséierung, méi bekannt ënner dem Numm respect.lu.
11/14/20230
Episode Artwork

Christian Oberlé

De finanziellen Equiliber vun der CNS kënnt a gutt dräi Joer un d'Wackelen. Musse mir geschwënn all méi abezuelen, a kéint et zu Verschlechterunge bei de Leeschtunge kommen? Dat freet d¨Christiane Kleer de President vun der CNS.
11/13/20230
Episode Artwork

Emile Eicher

Accueil vu Flüchtlingen: Loossen d’Gemengen de Staat am Stéch? Froe vum Maurice Molitor un den aktuellen (an zukünftegen?) President vum SYVICOL
11/10/20230
Episode Artwork

Dr. Philippe Türk

No der Quadripartite vu gëschter schwätzt de Maurice Molitor mam President vun der Federatioun vun de Spideeler (FHL) iwwer d’Finanzsituatioun a -perspektive vun der CNS.
11/9/20230
Episode Artwork

Daniel Kohl

Den neien Direkter vum Cluster for Logistics schwätzt am Gespréich mam Maurice Molitor iwwer Problemer, Suergen, Chancen an Erausfuerderunge vun der Logistik-Branche.
11/8/20230
Episode Artwork

Franz Fayot

Den nach-Wirtschaftsminister kritiséiert d’Budgetspolitik vun der nächster Regierung schonn éier déi nei Koalitioun steet. Opgrond vu wat? De Franz Fayot äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
11/7/20230
Episode Artwork

Lis de Pina

Iwwer 900 Reklamatiounen huet d’Médiation Scolaire schon entgéint geholl zanter se viru fënnef Joer gegrënnt gouf. Mee wéi kann dee Service iwwerhaapt hëllefen? De Rick Mertens freet d’Cheffin vum Service.
11/6/20230
Episode Artwork

Georges Merenz

Iwwer 100 Joer laang war de Landesverband eng eegestänneg Eisebunnergewerkschaft. Mee elo gëtt en en Deel vum OGBL. De Rick Mertens ënnerhält sech mam leschte President.
11/3/20230
Episode Artwork

Felix Wildschütz

Virun zwou Wochen huet e klenge franséischen Zirkus fir Opreegung gesuergt, well en exotesch Déiere mat an d’Land bruecht huet. Wéi dacks kënnt esou eppes vir? De Rick Mertens freet den Direkter vun der Veterinärverwaltung.
11/2/20230
Episode Artwork

Leo Wagener

Muer op Allerhellege gedenke vill Leit de Verstuerwenen aus hirem Ëmfeld. Mee wéi grouss ass déi reliéis Bedeitung vun dem Dag nach? De Rick Mertens freet de Weibëschof.
10/31/20230
Episode Artwork

Netty Thines

D’Associatioun vun de Publicitéitsagencë warnt virun enger Kris an hirem Secteur. Wat sinn d’Grënn dofir? Mir froen eng Vertriederin aus dem Verwaltungsrot.
10/30/20230
Episode Artwork

Marc Hostert

Digitalisatioun am Gesondheetsberäich – wou si mer drun? Am Gespréich mam Maurice Molitor mecht den neie President vun der Agence eSanté de Point.
10/27/20230
Episode Artwork

Martina Holbach

Greenpeace Lëtzebuerg huet getest, wéi eescht d’Banken hir Obligatioun huele fir Clienten op nohalteg Finanzproduiten hinzeweisen. Am Gespréich mam Maurice Molitor erklärt déi zoustänneg Campaignerin wéi dee mystery shopping finktionnéiert an zu wéi enge Resultater e geféiert huet.
10/26/20230
Episode Artwork

Martine Kemp

D'Martine Kemp iwwerhëlt d’Mandat vum Christophe Hansen, deen als neie Lëtzebuerger Deputéierte vereedegt gouf, am Europaparlament. Déi 29-Joer-jonk CSV-Politikerin wäert, an de gutt siwe Méint, déi nach bis déi nächst Europawale bleiwen, och all d’Dossiere vun hirem Virgänger iwwerhuelen.
10/25/20230
Episode Artwork

Marc Crochet

De Maurice Molitor schwätzt mam Generaldirekter vun der Caritas iwwer déi nei Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Flüchtlingspolitik.
10/24/20230
Episode Artwork

Dr Pit Buchler

No 14 Joer un der Spëtzt vum Collège médical huet den Dr Pit Buchler d'Presidentschaft ofginn. Am Gespréich mam Maurice Molitor zitt hien e Bilan a werft e kritesche Bléck op de Lëtzebuerger Gesondheetssystem.
10/23/20230
Episode Artwork

Jean Asselborn

De Konflikt am Noen Osten drot ze eskaléieren, an et komme nees méi Flüchtlingen op Lëtzebuerg. Wéi preparéiert de laangjäregen Ausseminister an dësen onrouegen Zäiten den Terrain fir säin Nofollger? Moderatioun: Rick Mertens.
10/20/20230
Episode Artwork

Romain Wolff

Wat erwaart d’Staatsbeamtegewerkschaft sech vun der neier Regierung? Mir froen de President vun der CGFP. Moderatioun: Rick Mertens.
10/19/20230
Episode Artwork

Marc Goergen

Firwat sinn d’Piraten bei de Chamberwalen hannert den Erwaardungen zréck bliwwen? Mir froen hire Partei-Coordinateur. Moderatioun: Rick Mertens.
10/18/20230
Episode Artwork

Andrew Ferrone

Wat erwaarden d’Wëssenschaftler aus dem Observatoire vun der Klimapolitik sech vun der neier Regierung? Mir froe hire President. Moderatioun: Rick Mertens.
10/17/20230
Episode Artwork

François Bausch

Virun enger Woch hunn Déi Gréng déi heftegst Waldéfaite an hirer Geschicht erlieft. Wéi konnt et dozou kommen? Dat froe mir den erfuerenste grénge Politiker. Moderatioun: Rick Mertens.
10/16/20230
Episode Artwork

Paulette Lenert

Fënnef Deeg no de Chamberwalen äntwert d'LSAP-Spëtzekandidatin dem Maurice Molitor ë.a. op d'Fro, wéi si de Walsonndeg erlieft a verdaut huet a wéi eng Roll si fir sech an der Oppositioun gesäit.
10/13/20230
Episode Artwork

Marc Niederkorn

No nëmmen engem Joer huet d'SNCI, déi national Kredit- an Investitiounsgesellschaft, hiren Direkter entlooss. Dee Concernéierten erkläert am Interview mam Maurice Molitor, wourun hie gescheitert ass.
10/12/20230
Episode Artwork

Gérard Schockmel

Den Infektiolog aus den Hôpitaux Robert Schuman gëtt DP-Deputéierten. Mee am Fong geet dat him net duer. Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert hie seng Virstellungen an Ambitiounen.
10/11/20230
Episode Artwork

Alexandra Schoos

14 Joer nom Robert Mehlen huet d'ADR nees en Deputéiertemandat am Bezierk Oste gewonnen. D'Alexandra Schoos ass déi éischt Fra, déi fir d'Partei an d'Chamber kënnt. Si äntwert op Froe vum Maurice Molitor.
10/10/20230
Episode Artwork

No der Chamberwal: D’Parteispëtzte reagéieren

Den CSV-President Claude Wiseler, d’DP-Generalsekretärin Carole Hartmann, déi gréng Presidentin Djuna Bernard, an d'Francine Closener, ee vun den LSAP-Parteipresidenten, diskutéieren iwwer d’Walresultat. Moderatioun: Rick Mertens
10/9/20230
Episode Artwork

Live-Debat: Wéi komme mir aus der Logementskris?

Semiray Ahmedova (déi gréng), de Gary Diderich (déi Lénk), d’Mandy Arendt (Piraten) an den Tom Becker (Fokus) diskutéiere live zu Miersch. Moderatioun: Rick Mertens
10/6/20230
Episode Artwork

Sven Clement

D’Piraten hoffen drop de Kinneksmaacher vun der neier Regierung ze ginn. Mee wéi eng Fuerderunge géife si iwwerhaapt un déi aner Parteie stellen? Moderatioun: Rick Mertens.
10/5/20230
Episode Artwork

Blanche Weber

Léisst dës Walcampagne hoffen, datt Lëtzebuerg an den nächste fënnef Joer méi séier am Klimaschutz virukënnt? De Rick Mertens freet d’Presidentin vum Mouvement Ecologique.
10/4/20230
Episode Artwork

Fred Keup

Den ADR-President seet, hie géif keng Antisemitten a Rietsradikaler a senger Partei toleréieren. Mee wéi glafwierdeg ass dat nach? Moderatioun: Rick Mertens
10/3/20230
Episode Artwork

Elefannteronn: Bettel, Lenert, Frieden an Tanson am Live-Debat

D’Spëtzekandidate vun DP, LSAP, CSV an déi gréng sti sech 40 Minutte laang live géintiwwer. Moderatioun: Rick Mertens
10/2/20230
Episode Artwork

Wéi gi mir de Stau lass?

Den Yves Cruchten (LSAP), d’Barbara Agostino (DP), de Fernand Kartheiser (ADR) an de Marc Goergen (Piraten) diskutéieren zu Käerjeng doriwwer, wéi eng Mobilitéitspolitik an den nächste fënnef Joer gebraucht gëtt. Moderatioun: Rick Mertens
9/29/20230
Episode Artwork

Wéi gi mir de Stau lass?

Den Yves Cruchten (LSAP), d’Barbara Agostino (DP), de Fernand Kartheiser (ADR) an de Marc Goergen (Piraten) diskutéieren zu Käerjeng doriwwer, wéi eng Mobilitéitspolitik an den nächste fënnef Joer gebraucht gëtt. Moderatioun: Rick Mertens
9/29/20230
Episode Artwork

Carole Thoma

déi Lénk fuerderen ënner anerem eng “Jobgarantie” fir jiddwereen dee schaffe wëllt, an eng 32-Stonne-Woch. Mee wéi realistesch sinn esou Fuerderungen? De Rick Mertens freet eng vun de Spëtzekandidatinnen.
9/28/20230
Episode Artwork

Marc Ruppert

Fokus versprécht couragéiert nei Iddien. Mee fir wéi vill Verännerung steet dei nei Partei wierklech? De Rick Mertens freet ee vun hire Spëtzekandidaten aus dem Zentrum.
9/27/20230
Episode Artwork

Raoul Schaaf

Och virun de Chamberwale gëtt nees vill iwwer de Garer Quartier an der Stad diskutéiert. Mee wéi kann een d’Situatioun do wierklech verbesseren? De Rick Mertens freet de President vum Suchtverband.
9/26/20230
Episode Artwork

Giovanni Patri

D’Kandidateleschten vu Liberté-Fräiheet sinn am Summer a Rekordzäit enstanen. Mee zitt d’Partei wierklech un engem Strang? De Rick Mertens freet de Spëtzekandidat aus dem Südbezierk.
9/25/20230
Episode Artwork

Debat: Wéi maache mir eise Gesondheetssystem fit fir Zukunft?

D’Carole Hartmann (DP), de Jean-Claude Schmit (LSAP), de Claude Wiseler (CSV) an de Steve Schmitz (Liberté) diskutéiere live virum Centre Medical um Potaaschbierg. Moderatioun: Rick Mertens
9/22/20230
Episode Artwork

Joe Thein

Déi Konservativ hunn zanter hirer Grënnung 2017 nach ni e politescht Mandat gewonnen. Mat wéi engen Ambitioune gi si an des Chamberwalen? De Rick Mertens freet hire Spëtzekandidat.
9/21/20230
Episode Artwork

Joe Thein

Déi Konservativ hunn zanter hirer Grënnung 2017 nach ni e politescht Mandat gewonnen. Mat wéi engen Ambitioune gi si an des Chamberwalen? De Rick Mertens freet hire Spëtzekandidat.
9/21/20230
Episode Artwork

Sam Tanson

dei Gréng sinn net gutt an d’Waljoer gestart. Wéi wëlle si de Negativtrend elo nach stoppen? De Rick Mertens freet hir Spëtzekandidatin.
9/20/20230
Episode Artwork

Sam Tanson

dei Gréng sinn net gutt an d’Waljoer gestart. Wéi wëlle si de Negativtrend elo nach stoppen? De Rick Mertens freet hir Spëtzekandidatin.
9/20/20230
Episode Artwork

Dr. Marc Berna

Rendez-vouse bei Spezialisten sinn - wéi et schéngt - gefrot wéi ni. Een Drëttel méi Ufroe vu Patiente goufe rezent am Stater CHL gezielt, een Deel vun deenen Demanden huet souguer misste refuséiert ginn. Och an de Robert-Schuman-Spideeler wier den Drock héich, seet hiren Direkter, den Dr. Marc Berna. D'Christiane Kleer freet hien, firwat dat esou ass, a wat d'Léisunge wieren.
9/19/20230
Episode Artwork

Dr. Marc Berna

Rendez-vouse bei Spezialisten sinn - wéi et schéngt - gefrot wéi ni. Een Drëttel méi Ufroe vu Patiente goufe rezent am Stater CHL gezielt, een Deel vun deenen Demanden huet souguer misste refuséiert ginn. Och an de Robert-Schuman-Spideeler wier den Drock héich, seet hiren Direkter, den Dr. Marc Berna. D'Christiane Kleer freet hien, firwat dat esou ass, a wat d'Léisunge wieren.
9/19/20230
Episode Artwork

Paulette Lenert

D’LSAP wëllt fir méi sozial Gerechtegkeet suergen. Mee wéi wäit sinn d’Sozialiste bereet dofir ze goen? De Rick Mertens freet hir Spëtzekandidatin.
9/18/20230
Episode Artwork

Paulette Lenert

D’LSAP wëllt fir méi sozial Gerechtegkeet suergen. Mee wéi wäit sinn d’Sozialiste bereet dofir ze goen? De Rick Mertens freet hir Spëtzekandidatin.
9/18/20230
Episode Artwork

Debat: Wat muss Lëtzebuerg bäidroe fir de Klimawandel ze bremsen?

D’Joëlle Welfring (déi gréng), d’Martine Hansen (CSV), de Michel Lemaire (ADR) an d’Myriam Cecchetti (déi Lénk) diskutéiere live op engem Bauerenhaff zu Knapphouschent. Moderatioun: Rick Mertens.
9/15/20230
Episode Artwork

Debat: Wat muss Lëtzebuerg bäidroe fir de Klimawandel ze bremsen?

D’Joëlle Welfring (déi gréng), d’Martine Hansen (CSV), de Michel Lemaire (ADR) an d’Myriam Cecchetti (déi Lénk) diskutéiere live op engem Bauerenhaff zu Knapphouschent. Moderatioun: Rick Mertens.
9/15/20230
Episode Artwork

Luc Frieden

D’CSV versprécht praktesch all d’Stéit steierlech ze entlaaschten. Mee wéi realistesch ass dat an ekonomesch onsécheren Zäiten? Dat freet de Rick Mertens hire Spëtzekandidat.
9/14/20230
Episode Artwork

Luc Frieden

D’CSV versprécht praktesch all d’Stéit steierlech ze entlaaschten. Mee wéi realistesch ass dat an ekonomesch onsécheren Zäiten? Dat freet de Rick Mertens hire Spëtzekandidat.
9/14/20230
Episode Artwork

Xavier Bettel

De Premier versprécht de Wieler e responsabelen Ëmgang mat de Staatsfinanzen an och steierlech Erliichterungen. Wéi passt dat zesummen? Moderatioun: Rick Mertens
9/13/20230
Episode Artwork

Xavier Bettel

De Premier versprécht de Wieler e responsabelen Ëmgang mat de Staatsfinanzen an och steierlech Erliichterungen. Wéi passt dat zesummen? Moderatioun: Rick Mertens
9/13/20230
Episode Artwork

Nora Back

Wéi zefridden ass déi gréisste Gewerkschaft mat de Proposen, déi d’Parteien an hire Programmer maachen? De Rick Mertens freet d’Presidentin vum OGBL.
9/12/20230
Episode Artwork

Nora Back

Wéi zefridden ass déi gréisste Gewerkschaft mat de Proposen, déi d’Parteien an hire Programmer maachen? De Rick Mertens freet d’Presidentin vum OGBL.
9/12/20230
Episode Artwork

Face-à-Face: Frank Engel vs. Roy Reding

De fréieren CSV-President an de fréieren ADR-Députéierten triede bei dëse Wale mat neie Parteien un. Wat hunn d’Wieler dovun? Dat freet de Rick Mertens an eisem Face-à-Face.
9/11/20230
Episode Artwork

Face-à-Face: Frank Engel vs. Roy Reding

De fréieren CSV-President an de fréieren ADR-Députéierten triede bei dëse Wale mat neie Parteien un. Wat hunn d’Wieler dovun? Dat freet de Rick Mertens an eisem Face-à-Face.
9/11/20230
Episode Artwork

Ali Ruckert

Am Virfeld vun de Chamberwalen ass et den Optakt vun enger Serie vun Interviewe mat Spëtzekandidaten a Spëtzekandidatinne vun allen 12 Parteien a Beweegungen, déi den 8. Oktober untrieden. Dem Serge Kesseler säin Invité fir dësen éischten Deel ass den Ali Ruckert, de President vun der kommunistescher Partei a KPL-Spëtzekandidat am Süden.
9/7/202313 minutes, 15 seconds
Episode Artwork

Jacques Vandivinit

De Fonds du Logement huet säi Joresrapport 2022 virgeluecht. Am Interview mam Generaldirekter geet et awer och ëm d'Situatioun am Bausecteur an um Wunnengsmaart. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
9/6/202314 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

Tom Haas

Wéi entwéckele sech d'Lëtzebuerger CO2-Emissiounen? A wéi ass den Impakt vun der Dekarboniséierung op eis Ekonomie? Froen un de STATEC vum Maurice Molitor
9/5/202315 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Mireille Rahmé-Bley

Haut (4.9.) ass Kiermesméindeg, den Dag vun der Stater Braderie: Froe vum Maurice Molitor un d'Presidentin vum Geschäftsverband (UCVL)
9/4/202312 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

Gilbert Goergen

De President vum Postsyndikat iwwer déi (a sengen Aen) "katastrophal Resultater" vun enger Ëmfro beim Personal iwwer d'Klima am Betrib. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
9/1/202313 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

Carlo Thelen

De Generaldirekter vun der Chambre de commerce iwwer d'Erwaardunge vum Patronat un d'Politik am Virfeld vun de Chamberwalen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/31/202314 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

Paul Engel

Den éischte Buergermeeschter vun der neier Gemeng Groussbus-Wal iwwer d'Erausfuerderunge vun der Fusioun, déi op den 1. September Realitéit gëtt. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/30/202311 minutes, 55 seconds
Episode Artwork

Serge Kollwelter

De Porte-parole vum Ronnen Dësch iwwer d'Walpréifsteng, op déi sech eng Dosen ONGen am Hibléck op d'Chamberwalen verstännegt hunn, am Gespréich mam Maurice Molitor.
8/29/202313 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

Laurent Schley

De Wollef ass nees zu Lëtzebuerg opgetaucht. "Eng gutt Noriicht!", seet de Sous-Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/28/202315 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

Tom Wirion

De Generaldirekter vun der Chambre des Métiers schwätzt vun enger "historescher Kris", mat där d'Bauhandwierk konfrontéiert wier. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/25/202314 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

Samuel Ruben

"Wunnen: Tout reste affaires": mat deem Wuertspill iwwerschreift den Ekonomist seng Analys vun der Lëtzebuerger Logementspolitik. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/24/202315 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

Dr. Paul Hédo

De President vun der Associatioun vun de Psychiateren, Kannerpsychiateren a Psychotherapeuten (SLPPP) reagéiert op de Plan national santé mentale vun der Regierung. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/23/202314 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

Carole Muller

D'Presidentin vun der Luxembourg Confederation iwwer deen neien Numm vun der Ex-CLC an d'Erwaardunge vun de Secteuren Handel, Servicer an Transport am Virfeld vun de Walen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
8/22/202314 minutes, 15 seconds
Episode Artwork

Alex Donnersbach

Wéi eng Argumenter muss d'CSV bei de jonke Wieler:innen an d'Fënster stellen, wa se wëllt zeréck un Muecht kommen? De Rick Mertens freet de President vun der CSJ.
8/21/202314 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

Maksymilian Woroszylo

D'Jugendorganisatioun vun der ADR trëtt provokativ op. Mécht se der Partei domatt am Waljoer wierklech ee Gefalen? De Rick Mertens freet de President vun der Adrenalin.
8/18/202313 minutes, 32 seconds
Episode Artwork

Michael Agostini

Sëtzt d'DP an hirem Walprogramm déi richteg Schwéierpunkte fir déi jonk Generatioun? De Rick Mertens freet de President vun der DP-Jugendsektioun JDL.
8/17/202314 minutes
Episode Artwork

Claudia Monti

D'Erzéiungsanstalt zu Dräibuer suergt weider fir negativ Schlagzeilen. Ginn et effektiv Dysfonctionnementer am Zenter fir stroffälleg Mineuren? De Rick Mertens freet d'Ombudsman ëm hir Meenung.
8/16/202313 minutes, 59 seconds
Episode Artwork

Izabela Golinska

D'Jongsozialisten si sech an der Klimapolitik net ganz een mat hirer Mammepartei. Wéi gi si am Walkampf domat ëm? De Rick Mertens freet d'Juso-Presidentin.
8/14/202312 minutes, 30 seconds
Episode Artwork

Jean-Paul Lickes

Huet de Reen an de leschten zwou Woche gehollef eis Drénkwaasser-Reserven erëm opzefëllen? De Rick Mertens freet den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt.
8/11/202314 minutes, 1 second
Episode Artwork

Mandy Arendt

Och d'Piraten hunn eng Jugendpartei. Wéi eng Roll spille si parteiintern? De Rick Mertens freet hir Spriecherin, déi zanter Kuerzem och Buergermeeschtesch vu Colmer-Bierg ass.
8/10/202312 minutes, 15 seconds
Episode Artwork

Marco Koeune

Den neie President vun der Bauerenallianz ass zanter iwwer 20 Joer Bio-Bauer. Mee firwat stellen net méi Baueren op Bio ëm? Ënner anerem déi Fro stellt de Rick Mertens.
8/9/202312 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

Alain Origer

Zanter zwou Wochen däerf een doheem Cannabis ubauen. Op wat muss een dobäi oppassen? De Rick Mertens freet den nationalen Drogebeoptraagten.
8/8/202312 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

Tania Mousel

déi Lénk hunn d'lescht Woch mat engem ëmstriddene Facebook-Post fir vill Diskussioun gesuergt. Ass et eng gutt Iddi am Waljoer esou ze kommunizéieren? De Rick Mertens freet eng Vertriederin vun der Parteijugend.
8/7/202313 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

Thierry Hoscheit

D'ALIA geheit RTL vir, si hätten d'Parteie virun de Gemengewalen net d'selwecht behandelt. Mee wéi eng Reegele ginn et do iwwerhaapt? Dat freet de Rick Mertens de President vun der Medienautoritéit.
8/4/202314 minutes, 4 seconds
Episode Artwork

Amy Winandy

D'Gemengewalen sinn net gutt gelaf fir déi gréng. Wat kënne si fir d'Chamberwale besser maachen? Dat freet de Rick Mertens d'Spriecherin vun déi jonk gréng.
8/3/202311 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

Alexandra Oxacelay

Hunn d'Covidkris an déi héich Präisser an de leschte Méint dozou baigedro, datt méi Leit an d'Aarmut gefall sinn? De Rick Mertens freet d'Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss.
8/2/202312 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

Romain Nati

Den Direkter vum Stater Centre Hospitalier geet fir d'LSAP mat an d'Walen. Fir wéi eng Gesondheetspolitik wëllt hie sech asetzen? Ënner anerem dat freet de Rick Mertens.
8/1/202312 minutes
Episode Artwork

Georges Bock

Den Nohaltegkeetsrot fuerdert, datt Verschmotzung a Ressourcëverbrauch méi staark besteiert ginn. Wéi kann een dat maachen? De Rick Mertens freet den zoustännege Member vum CSDD, dem Conseil supérieur pour un développement durable.
7/31/202313 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

Marc Fischbach

De President vun der COPAS, dem Daachverband vun de Prestatairen an der Betreiung a Fleeg vun eelere Leit, mat Kritik um neie Gesetz iwwer d'Qualitéit vun de Servicer. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/28/202315 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

Claude Meisch

Den Educatiounsminister iwwer d'Alphabetisatioun op Franséisch, de Modell vun den ëffentlechen europäesche Schoulen an de Pro a Contra vun engem Handyverbuet. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/27/202315 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

Fred Keup

Den ADR-President iwwer déi rezent Partei-intern Turbulenzen an d'Strategie fir d'Chamberwalen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/26/202315 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

Pierre Barthelmé

Froe vum Maurice Molitor un de President vun der Konkurrenz-Autoritéit, där hir Enquête iwwer den Immobiliesecteur d'lëscht Woch Welle geschloen huet.
7/25/202314 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

Frank Engel

Nom Fokus-Kongress vun e Samschdeg: wat proposéiert déi nei Partei a Saache Logement, Steieren, Bildung oder Santé? A wéini presentéiert se hir Lëschten? De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/24/202316 minutes, 12 seconds
Episode Artwork

Steve Thull

De Chef d'État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi iwwer d'Arméireform, déi haut an der Chamber gestëmmt wäert ginn. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/21/202315 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

Barbara Agostino

Froe vum Maurice Molitor un déi nei DP-Deputéiert, déi de 27. Juni vereedegt gouf. An déi eng Vergaangenheet am Fussball huet: Dat passt um Dag, op deem d'Frae-WM ufänkt.
7/20/202314 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

Roy Reding

Den Ex-ADR-Deputéierten iwwer de Clinch mat senger fréierer Partei an de Lancement vu senger neier Beweegung "Liberté chérie". De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/19/202314 minutes, 54 seconds
Episode Artwork

Corinne Cahen

Vun der Familljeministesch zur Stater Sozialschäffen: d'Funktiounen änneren, d'Zoustännegkeete bleiwen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/18/202314 minutes, 32 seconds
Episode Artwork

Christophe Schiltz

De President vum Staatsrot reagéiert op ënnerschwelleg an oppe Kriticken un der Aart a Weis, wéi (séier) seng Institutioun schafft. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/17/202313 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

Jean-Luc de Matteis

Wéinst den héijen Zënse gëtt am Moment manner gebaut. Riskéieren doduerch vill Aarbechter hir Plaz ze verléieren? De Rick Mertens freet den zoustännege Zentralsekretär vum OGBL.
7/14/202314 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

Charel Weiler

De Rick Mertens freet deen neie Buergermeeschter vun Dikrech, ob seng Majoritéit weiderhin hanner der Nordstad-Fusioun steet.
7/13/202313 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

Gérard Zens

An der internationaler Schoul zu Déifferdeng an Esch hu méi Primaner hiert Joer gepackt, wéi an anere Lëtzebuerger Lycéeën. De Rick Mertens freet den Direkter vun der EIDE, firwat dat esou ass.
7/12/202316 minutes, 53 seconds
Episode Artwork

Paulette Lenert

De Rick Mertens freet d'LSAP-Spëtzekandidatin, firwat si bis elo net méi inhaltlech Schwéierpunkte gesat huet, an op si dat virun de Walen nach wëllt maachen.
7/11/202322 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

Carole Hartmann

Mat der DP-Generalsekretärin schwätzt de Rick Mertens iwwer de Liberalen hir Walkampf-Fuederungen a firwat si déi als Regierungspartei nach net ëmgesat hunn.
7/10/202319 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

Sam Tanson

Chamberwalen 2023: Froe vum Maurice Molitor un déi gréng Spëtzekandidatin
7/7/202317 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

David Lentz

De Procureur d'État adjoint erkläert d'Hannergrënn vun der Sensibiliséierungscampagne "Not sharing is caring", déi Jonker dovun ofhale soll, Gewaltvideoen online ze deelen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
7/6/202314 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

Toto Da Costa Araujo

Portugisesch Wuerzelen, Lëtzebuerger Pass: de Maurice Molitor am Gespréich mam neie Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Bous-Waldbriedemes
7/5/202313 minutes, 41 seconds
Episode Artwork

Julie-Suzanne Bausch

Déi aktuell Presidentin vum Collège des directeurs vun de Lëtzebuerger Lycéeën iwwer de Phenomeen vu Mobbing-Attacken, déi gefilmt an duerno online gestallt ginn. Moderatioun: Maurice Molitor
7/4/202314 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

Carole Thoma

No der Enttäuschung bei de Gemengewalen: wéi ginn déi Lénk an Campagne fir d'Chamberwalen? Froe vum Maurice Molitor un d'Co-Spriecherin vun der Partei
7/3/202315 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

Philippe Poirier

De Politolog vun der Uni Lëtzebuerg presentéiert éischt Resultater vun der Etude POLINDEX, déi ënnersicht, wat an de Käpp vum Lëtzebuerger Elektorat vir sech geet. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
6/30/202314 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

Jean-Marie Halsdorf

Den CSV-Politiker gëtt no 2000-2004 eng zweete Kéier Buergermeeschter zu Péiteng. Seng nationalpolitesch Karriär geet dogéint am Hierscht op en Enn. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
6/29/202314 minutes, 32 seconds
Episode Artwork

Meris Sehovic

De schwaarz-blo-grénge Koalitiounsaccord zu Esch ass ënnerschriwwen. Froe vum Maurice Molitor un den zukünftege Schäffen an nationale Co-President vun der grénger Partei
6/28/202314 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

Inna Ganschow

Wéi sinn déi rezent Evenementer a Russland ze bewäerten? A wat bedeite se fir de Krich an der Ukrain? Dozou e Gespréich vum Maurice Molitor mat der Historikerin aus dem C2DH vun der uni.lu
6/27/202313 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

Serge Wilmes

Deen alen an neien éischte Schäffen iwwer déi (wéi et schéngt) ganz onkomplizéiert Koalitiounsverhandlunge vu senger CSV mat der DP an der Stad Lëtzebuerg. Moderatioun: Maurice Molitor
6/26/202313 minutes, 59 seconds
Episode Artwork

Taina Bofferding

An der Suite vun de Gemengewalen reagéiert d'Inneministesch op Froen, déi an de leschte Wochen opgeworf goufen: et geet  ë. a. ëm de Walsystem an ëm Incompatibilitéiten. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
6/22/202316 minutes, 4 seconds
Episode Artwork

Olivier Jacquin

De franséische Senateur aus dem Departement Meurthe-et-Moselle huet konkret Virstellunge, wéi Lëtzebuerg sech fir d'Steiere vu franséische Frontalierë revanchéiere soll.
6/21/202316 minutes, 45 seconds
Episode Artwork

Luc Frieden

Froe vum Maurice Molitor un den CSV-Spëtzekandidat bei de Chamberwalen, dee gëschter déi grouss Linne vum Walprogramm virgestallt huet.
6/20/202317 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

Michel Malherbe an Henri Haine

E Gespréich vum Maurice Molitor mat de Buergermeeschtere vu Miersch a Rëmeleng, déi allebéid haut la main erëmgewielt goufen.
6/19/202310 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

Georges Mischo

De Rick Mertens freet den Escher CSV-Buergermeeschter, wat hien a senger zweeter Amtszäit wëllt erreechen.
6/16/202314 minutes, 23 seconds
Episode Artwork

Max Hahn

De Rick Mertens freet den neie Familljeminister, wat hien iwwerhaapt nach wëllt schaffen - an de knapp véier Méint, déi him virun de Wale bleiwen.
6/15/202314 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

Bob Steichen

Deen neie Buergermeeschter vun Ettelbréck ass der LSAP hire Liichtbléck am Norde vum Land. Kann hien hëllefen de Sozialisten hiren Negativtrend am Nord-Bezierk ze stoppen? Moderatioun: Rick Mertens
6/14/202313 minutes, 41 seconds
Episode Artwork

Marc Goergen, Fernand Kartheiser, Nathalie Oberweis

Wéi reagéieren d'Piraten, d'ADR an déi Lénk op d'Resultat vun de Gemengewalen? De Rick Mertens freet bei dräi Deputéierten no, déi e Sonndeg och e Gemengemandat kruten.
6/13/202320 minutes, 53 seconds
Episode Artwork

Dan Biancalana, Lex Delles, Elisabeth Margue, Meris Sehovic

Wéi reagéieren d'Parteipresidente vun de véier grousse Parteien op d'Wal-Resultat vu gëschter? Der Rick Mertens freet si.
6/12/202325 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

Gilles Roth, Francine Closener an Djuna Bernard

Zu Mamer féieren dräi Figuren aus der nationaler Politik hir respektiv Lëschten un: den CSV-Fraktiounschef (an aktuelle Buergermeeschter) an d'Presidentinne vun LSAP an déi gréng. Moderatioun: Maurice Molitor
6/9/20230
Episode Artwork

Charel Roemen

Jonk Handwierk ass eng Plattform, déi jonke Selbststännegen een Austausch erméiglecht, wa si Schwieregkeeten hu bei der Grënnung oder Iwwernam vun engem Handwierksbetrib. Obwuel de Beruff villfälteg ass, ginn et enorm Rekrutéierungsproblemer fir qualifizéiert Personal ze fannen. Speziell wéinst der aktueller Kris am Bausecteur hu jonk Handwierker och finanziell Engpäss. Obwuel de Carnet de commande voll ass, kënnen d'Aarbechte net ugefaange ginn, well d'Promoteuren hir Bauprojeten net verkaf kréien. De President vun der Plattform ass am Gespréich mam Carole Schimmer.  
6/8/202315 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

Live aus der Stad: Lydie Polfer, Serge Wilmes a François Benoy

Gemengewalen an der Haaptstad: Table ronde mat der DP-Buergermeeschtesch an hiren Erausfuerderer vun CSV an déi gréng.
6/7/202327 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

Alwin De Prins

No den 19. Spiller vun de klenge Länner op Malta: Bilan an Ausbléck mam Lëtzebuerger Missiounschef.
6/6/202313 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

Pierrette Koehler

E Gespréich mat der ADR-Vizepresidentin iwwer d'Gemengewalcampagne vun hirer Partei.
6/5/202314 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

Yves Wengler, Ben Scheuer, Carole Hartmann, a Carole Zeimetz

Zu Iechternach kënnen all déi 4 Parteien, déi untrieden, sech Hoffnung op de Buergermeeschterposten maachen. Bei eis treffen d'Spëtzekandidaten vun CSV, LSAP, DP an déi Gréng direkt openeen. Moderatioun: Rick Mertens.
6/2/202326 minutes, 32 seconds
Episode Artwork

Eric Hamus

D'Revue huet an de leschten 10 Joer e groussen Deel vun hire Lieser verluer. Wéi kann dee negativen Trend gestoppt ginn? Mir froen de neie Chefredakter. Moderatioun: Rick Mertens.
6/1/202313 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

Tommy Klein

D'Pirate wëllen an all den 13 Gemengen, wou si untrieden op mannst ee Gemengeconseiller kréien. Ass dat net ze héich gepokert? Mir froen de politesche Beroder vun der Partei. Moderatioun: Rick Mertens.
5/31/202314 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

Thomas Leufen

Den Architekt huet mat der Initiativ "Eis Stad" detailléiert Proposen ausgeschafft fir de Bouneweger Quartier ëm ze gestalten. Kann d'Politik eppes doraus léieren? Moderatioun: Rick Mertens.
5/30/202313 minutes, 23 seconds
Episode Artwork

Live vun Esch: Georges Mischo, Steve Faltz, Meris Sehovic a Line Wies

Gemengewalen an der Minettmetropol: Table ronde mam Escher CSV-Buergermeeschter, sengem LSAP-Erausfuerderer, dem grénge Co-President an der Kandidatin vun déi Lénk.
5/26/202326 minutes, 55 seconds
Episode Artwork

Carlo Weber a Jeff Engelen

D'Spëtzekandidate vun LSAP an ADR bei de Gemengewalen zu Wëntger iwwer d'Erausfuerderungen, déi sech an der flächeméisseg gréisster Gemeng vum Land stellen.
5/25/202318 minutes, 42 seconds
Episode Artwork

Fränk Arndt a Maurice Muller

Gemengewalen 2023: Face-à-face tëscht dem Wëlzer LSAP-Buergermeeschter, deen am Moment an der Kritik steet, an engem DP-Erausfuerderer. 
5/24/202324 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

Eric Pesch

Wat bedeit et fir d'Schwéngsziichter, dass d'Schluechthaus zu Wecker zougemaach gëtt? Froen un de President vu COCHY, der Associatioun fir d'Promotioun vum Schwéngefleesch.
5/23/202313 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

Michel Gloden an Annette Willems-Kirsch

Schengen ass duerch den Accord den 1985 do ënnerschriwwe gouf weltbekannt. Mee profitéiert d'Gemeng genuch vun der Bekanntheet? Dat ass eng Fro déi mer dem Buergermeeschter a senger Erausfuerderin stellen. Moderatioun: Rick Mertens.
5/22/20230
Episode Artwork

Gary Kneip

Fokus trëtt den 11. Juni fir d'éischt iwwerhaapt bei Walen un. Wéi wëllt déi nei Partei sech vun deene méi alen differenzéieren? De Rick Mertens freet hire Generalsekretär.
5/19/202314 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

Gary Diderich

déi Lénk triede bei de Gemengewalen virun allem am Süde vum Land un. Firwat geléngt et hinnen net sech a méi Gemengen ze verankeren? Ënner anerem dat freet de Rick Mertens de Parteispriecher.
5/17/202313 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

Live vun Dikrech: Claude Thill, Charel Weiler a José Lopes Gonçalves

D'Nordstad-Fusioun kënnt net esou richteg virun. Halen d'Parteien zu Dikrech trotzdeem dru fest? De Rick Mertens freet d'Vertrieder vun LSAP, CSV an DP. Live vun der Maartplaz zu Dikrech
5/16/202327 minutes
Episode Artwork

Jean-Marie Halsdorf a Marc Goergen

Péiteng ass mat iwwer 20.000 Awunner mëttlerweil eng kleng Stad. Wéi kann d'Liewensqualitéit do weider garantéiert ginn? Dat freet de Rick Mertens d'Kandidate vun der CSV an de Piraten.
5/15/20230
Episode Artwork

Fernand Laroche

Froe vum Maurice Molitor un de President vum FC Swift Hesper, deen dës Saison säin éischte Champions-Titel am Lëtzebuerger Fussball feiert.
5/12/202313 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

Annie Nickels-Theis

Schonn ee Mount virun de Gemengewalen steet fest, dass déi aktuell Buergermeeschtesch vu Buerschent och an der nächster Legislaturperiod Buergermeeschtesch bleift.
5/11/202314 minutes, 55 seconds
Episode Artwork

Laurent Zeimet a Marco Estanqueiro

Den CSV-Buergermeeschter an den LSAP-Co-Spëtzekandidat iwwer d'Enjeuë vun de Gemengewalen zu Beetebuerg.
5/10/202319 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

Georges Engel

Den Aarbechtsminister zitt éischt Conclusiounen aus der Diskussioun iwwer Vir- an Nodeeler vun enger eventueller Aarbechtszäitverkierzung. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
5/8/202314 minutes
Episode Artwork

Philippe Wilmes

Tëschent der Gesondheetsministesch an der Dokteschassociatioun stinn d'Zeechen op Konfrontatioun. Gëtt et nach en Auswee? De Rick Mertens freet de Generalsekretär vun der AMMD.
5/5/202317 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

Patrick Hurst

Beim Centre pour l'Egalité de Traitement melle sech zanter e puer Joer méi Leit, déi sech op Grond vun hirer Hierkonft diskriminéiert fillen. Firwat ass dat esou? De Rick Mertens freet de President vum CET.
5/4/202315 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

Claude Wiseler

D'CSV attackéiert der LSAP hir Gesondheetpolitik schaarf. Mee wéi eng Alternativen proposéiert se? De Rick Mertens freet den CSV-President.
5/3/202313 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

Marc Lies, Claude Lamberty a Stephen de Ron

Hesper huet an de leschte Jore vill negativ Schlagzeile mat enger Detournements-Affär gemaach. Wéi eng Roll spillt dat am Gemengewalkampf? De Rick Mertens diskutéiert mat de Vertrieder vun CSV, DP an déi gréng.
5/2/202326 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

Philippe Meyers

Deen neie President vum Syndicat intercommunal de gestion informatique (SIGI) iwwer d'Conclusiounen, déi senger Meenung no aus de rezenten Auditte musse gezu ginn. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
4/28/202313 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

Françoise Thoma

Vun A wéi Agencen bis Z wéi Zënsentwécklung: Froe vum Maurice Molitor un d'Generaldirektesch vun der Spuerkeess
4/27/202313 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

Tom Ulveling, Manon Schütz a Guy Altmeisch

CSV, déi gréng an LSAP: eng vun deenen dräi Parteie wäert wuel zu Déifferdeng den nächste Buergermeeschter stellen. Hir Spëtzekandidaten diskutéieren am 100,7-Studio. Moderatioun: Maurice Molitor
4/26/20230
Episode Artwork

Renée Schmit

E puer Deeg virum Optakt vun der Oktav (29. Abrëll bis 14. Mee): e Gespréich vum Maurice Molitor mat der Oktavpriedegerin 2023
4/25/202312 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

Vincent Reding

Froe  vum Maurice Molitor un de (jonke) Buergermeeschter vu Weiler zum Tuer: wéinst Manktem u Kandidate gëtt a senger Gemeng den 11. Juni net gewielt.
4/24/202313 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

MeToo am Europaparlament

D'Beweegung MeToo am Europaparlament ass enttäuscht iwwer d'Sanktioun wéinst Harcèlement vun engem Mataarbechter géint d'Lëtzebuerger Deputéiert Monica Semedo. Moderatioun: Maurice Molitor
4/21/202313 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

Jessie Thill a Guy Arendt

Sträitgespréich tëscht der grénger Schäffen vu Walfer an dem laangjäregen DP-Buergermeeschter, deen no 8 Joer e Comeback an der Lokalpolitik mécht.
4/20/202322 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

Monique Smit-Thijs an Nico Pundel

D'Buergermeeschtere vu Bartreng a Stroossen iwwer Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder vun zwou änleche Gemengen un der Peripherie vun der Stad Lëtzebuerg am Gespréich mam Maurice Molitor
4/19/202316 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

Julien Licheron

atHome.lu mellt eng zolidd Baisse vun den (annoncéierte) Verkafspräisser am Logement; ma d'Loyere ginn an d'Luucht. Wat ass dovun ze halen? Eng Aschätzung vum LISER-Chercheur am Gespréich mam Maurice Molitor
4/18/202314 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

Jean Weiler a Marco Lux

En éischte Face-à-face am Virfeld vun de Gemengewalen: den CSV-Buergermeeschter vu Käl-Téiteng diskutéiert mam Spëtzekandidat vun der LSAP. Moderatioun: Maurice Molitor
4/17/202319 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

Lynn Warken

Déi nei Generaldirektesch vum Lëtzebuerger Journal iwwer d'Strategiepläng an d'Podcast-Ambitioune vum Online-Magasinn. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
4/14/202313 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

Gilbert Massard

Zanter 2020 gëtt op der uni.lu e Bachelor an der Medezin ugebueden. Och kann ee sech do an dräi Fachrichtunge spezialiséieren. Den Direkter vun der Doktesch-Ausbildung erkläert um Mikro vum Maurice Molitor.
4/13/202315 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

Jacqueline Breuer

Zanter 30 Joer ass d'LSAP-Politikerin an der Sandweiler Lokalpolitik aktiv. Nom 11. Juni wëllt si d'CSV- Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz ofléisen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
4/12/202314 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

Marc Schoentgen

Den Zenter fir politesch Bildung soll de Bierger méi nobréngen, wéi Demokratie funktionéiert, ouni politesch Partei ze ergräifen. Wéi schwéier ass dat an engem Waljoer? De Rick Mertens freet den Direkter.
4/11/202313 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Jean Ehret

Firwat verléieren déi traditionell Reliounen hei am Land ëmmer méi u Bedeitung? Dat freet de Rick Mertens haut op Karfreideg den Direkter vun der Luxembourg School of Religion and Society.
4/7/202313 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

Paul Peckels

D'Wort feiert 175 Joer. Mee wéi wëllt déi eelste Lëtzebuerger Zeitung am digitalen Zäitalter bestoen? Dat freet de Rick Mertens den Direkter vum Editiounshaus, dat d'Wort erausgëtt.
4/6/202311 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

Carole Thoma

Mat wéi engen Ziler ginn déi Lénk an d'Gemengewalen? Dat freet de Rick Mertens d'Spriecherin vun der Partei.
4/5/202314 minutes, 3 seconds
Episode Artwork

Marc Wengler

Iwwer siwe Milliarden Euro investéiert de Staat bis 2039 an déi national Eisebunn. Wéi wäerten d'Passagéier dat mierken? Ë. a. dat freet de Rick Mertens den Direkter vun den CFL.
4/4/202314 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

Isabelle Schmoetten

Solle Mamme bezuelt ginn, wa si hir Kanner doheem versuergen? Déi Fro wäert virun de Chamberwalen nach méi dacks diskutéiert ginn. De Rick Mertens stellt se haut der Direktesch vum CID Fraen an Gender.
4/3/202314 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

Henri Trauffler

De laangjäregen Direkter vum Iechternacher Kolléisch (LCE) geet a Pensioun: Wéi huet d'Schoul sech an de leschte 40 Joer verännert? De Maurice Molitor huet nogefrot.
3/31/202316 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

Kristin Schmit

20 Joer Gesetz géint haislech Gewalt: Froe vum Maurice Molitor un d'Vertriederin vun der Police am Comité de coopération entre les professionnels dans le domaine de la lutte contre la violence.
3/30/202314 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

Josiane Di Bartolomeo-Ries

Wéi kommentéiert d'SIGI-Vizepresidentin déi intern Dysfonctionnementer beim Syndikat, deen d'Informatik vun de Gemenge geréiert?
3/29/202315 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

Luc Caregari

D'Associatioun vun de Beruffsjournalisten ALJP setzt sech dofir an, datt Journalisten hei am Land ënnert de bescht méigleche Konditioune kënne schaffe fir hirer Missioun, ze informéieren, gerecht ze ginn. Dowéinst setzt si sech ënnert anerem och dofir an, datt Journalisten ouni Aschränkungen op d'Informatiounen aus dem "Registre des Bénéficiaires Effectifs" kann zougräifen. Dat wier wichteg fir d'Transparenz a fir de Kampf géint d'Geldwäscher, op deenen hire Spuere Journalisten ënnerwee sinn. Mee, kann Transparenz iwwer Dateschutz stoen? Doriwwer schwätzt d'Christiane Kleer mam neie President vun der Associatioun vun de Beruffsjournalisten. 
3/28/202315 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

Serge Wilmes an Tom Krieps

De Stater CSV-Schäffen an den LSAP-Gemengeconseiller diskutéieren iwwer de geplangte Verbuet vum Heeschen an der Stad Lëtzebuerg.
3/27/20230
Episode Artwork

Corinna Niemeyer

Am Kader vum Themendag "klassesch Musek": en Interview mat der Chefdirigentin (zënter September 2020) vum Orchestre de Chambre du Luxemborug (OCL).
3/24/202314 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

Laurence Bernard

Vum Hierscht u kënnen Infirmièren an Infirmiere sech op der uni.lu a 4 Beräicher spezialiséieren. Froe vum Maurice Molitor un eng vun den zwou Studiendirectricë vun deene Bachelor-Formatiounen.
3/23/202312 minutes, 50 seconds
Episode Artwork

Georges Clees

D'Dokteschassociatioun an d'Spideeler si sech net eens, wéi eng Reegele fir ambulant Strukture solle gëllen. Wat seet d'Patientevertriedung dozou? Mir froen hire Spriecher. Moderatioun: Rick Mertens.
3/22/202316 minutes, 3 seconds
Episode Artwork

Andrew Ferrone

Wat muss geschéie wa mer déi global Äerderwiermung nach op 1,5 Grad wëlle limitéiert kréien? Mir froen de Lëtzebuerger Vertrieder am internationale Panel vun de Klimafuerscher. Moderatioun: Rick Mertens.
3/21/202312 minutes, 54 seconds
Episode Artwork

Blanche Weber

De Mouvement Ecologique rifft déi nächst Regierung dozou op eise Wirtschaftssystem komplett ze iwwerdenken. Wéi stellt d'Ëmwelt-ONG sech dat fir? Mir froen d'Presidentin. Moderatioun: Rick Mertens.
3/20/202315 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

Jerry Grbic

De CEO vun der ABBL iwwer Banken a Faillite (SVB) oder a Schwiergekeeten (Crédit Suisse), iwwer d'Zënsentwécklung an d'(On)Zefriddenheet vum Personal am Finanzsecteur.
3/17/202314 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

Charel Schmit

Vill Luef a (punktuell) schaarf Kritik: den Avis vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher iwwer d'Reform vu Jugendschutz a Jugendstrofrecht ass do.
3/16/202315 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

Thomas Galli

"Wie sinnvoll sind Gefängnisse?", ëm dës Fro geet et den Owend op enger Konferenz vun der Associatioun "eran, eraus ... an elo?" zu Dummeldeng. De Riedner ass den däitschen Affekot, Buchauteur a fréiere Prisongsdirekter Thomas Galli. Mir schwätzen de Moie mam Expert iwwer seng Vue op de Strofvollzuch a seng Fuerderung Prisongen ofzeschafen.
3/15/202311 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

Tommy Klein

De jonke Soziolog huet viru Kuerzem d'Säite gewiesselt: hien ass elo net méi Direkter Meenungsfuerschungsinstitut Ilres mee politesche Beroder a Kandidat vun der Piratepartei. Wat si seng Pläng a wat fir eng Roll spillt säi beruffleche Parcours dobäi? Ënner anerem dat freet d'Christiane Kleer den Tommy Klein haut.
3/14/202313 minutes, 54 seconds
Episode Artwork

Martine Hansen

D'Co-Fraktiounscheffin vun der CSV kritiséiert d'Familljepolitik vun der blo-rout-grénger Regierung. D'Martine Hansen fuerdert, datt Eltere vum Staat méi ënnerstëtzt solle gi fir doheem bei hire Kanner ze bleiwen. Wéi begrënnt si dës Fuerderung a wéi stellt d'CSV sech alternativ Modeller vir? Déi Froe stellt d'Pia Oppel de Moien eiser Invitée vum Dag.
3/13/202313 minutes, 55 seconds
Episode Artwork

Paul Hammelmann

Wéi kënnen eis Stroosse méi sécher gemaach ginn? Doriwwer gëtt zanter engem déidlechen Accident am Neiduerf nees vill diskutéiert. Mir froen de President vun der Sécurité Routière. Moderatioun: Rick Mertens
3/10/202313 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

Philippe Turk

D'Corona-Pandemie ass esou wäit iwwerstanen. Mee sinn d'Spideeler prett an den nächste Joren eng Populatioun ze versuergen, déi ëmmer weider wiisst? Dat freet de Rick Mertens de President vun der Spidolsfederatioun.
3/9/202314 minutes, 27 seconds
Episode Artwork

Marion Zovilé-Braquet

Firwat engagéieren net méi Fraen sech an der Politik? Dat freet de Rick Mertens haut um Weltfraendag d'CSV-Buergermeeschtesch vu Conter, déi zanter bal 20 Joer politesch aktiv ass.
3/8/202315 minutes, 45 seconds
Episode Artwork

Sven Clement

Als Oppositiounspartei souzen d'Pirate bei der Tripartite net mat um Dësch. Hätte si eppes anescht gemaach wéi d'Regierung? Ë. a. dat Rick Mertens ee vun den zwee Piraten-Deputéierten.
3/7/202313 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

Yuriko Backes

D'Stéiermesuren, déi Tripartite e Freideg decidéiert huet, solle ronn 500 Milliounen d'Joer kaschten. Kann de Staat sech dat a onsécheren Zäite wierklech leeschten? Mir froen d'Finanzministesch. Moderatioun: Rick Mertens.
3/6/202318 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

Claude Wiseler

E Gespréich vum Maurice Molitor mam Co-President vun der CSV iwwer d'Enjeue vun der Tripartite a seng Decisioun, net mat an d'Gemengewalen ze goen.
3/3/202313 minutes, 45 seconds
Episode Artwork

Roland Bastian

De Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg iwwer den Impakt vun den héijen Energiekäschten op d'Stolproduktioun an iwwer d'Erausfuerderung Klimaneutralitéit. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
3/2/202315 minutes, 1 second
Episode Artwork

Josiane Weber

Et si Bréiwer vun der Groussherzogin Marie-Adelheid opgetaucht, déi d'Bild vun der politescher Monarchin confirméieren. Hir Biographin huet se ausgewäert. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.  
3/1/202316 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

Romain Schmit

Virun der Bipartite vun haut an der Tripartite vun e Freideg: Froe vum Maurice Molitor un de Generalsekretär vun der Handwierker-Federatioun  
2/28/202315 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

Semiray Ahmedova

Retour op d'Logements-Assisen an déi nei Virschléi, déi de Wunnengsbauminister do virgestallt huet. Mat der grénger Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich
2/27/202314 minutes, 23 seconds
Episode Artwork

Daniel Porcedda

De Lëtzebuerger huet mat senger Famill zu Kiew gelieft, wéi de Krich virun engem Joer ugefaangen huet. Wat hu si zanterhier erlieft? Moderatioun: Rick Mertens
2/24/202313 minutes, 45 seconds
Episode Artwork

Francine Closener

Jiddweree schwätzt vun de Walen, mee wéi eng Steiermesurë wëllt d'LSAP nach do virdrun duerchsetzen? Ë. a. dat freet de Rick Mertens d'Parteipresidentin.
2/23/202313 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

Gilles Hempel

All d'Acteure vum Logementsmarché kommen haut zesumme fir mam Minister no neie Léisungen ze sichen. Wat ass sech siwe Méint virun de Walen dovun ze erwaarden? De Rick Mertens freet den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale.
2/22/202314 minutes, 1 second
Episode Artwork

Michael Feit

De Chef vun der internationaler Kooperatioun bei der Caritas ass eis vu Kiew zougeschalt: Wéi kann een den Ukrainer ee Joer nom Ufank vum Krich am Beschten hëllefen? Ë. a. dat freet de Rick Mertens.
2/21/202314 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

Ulf Nehrbass

Eng nei Etüd weist: Lëtzebuerg hat 2020-21 déi niddregst Iwwerstierflechkeet an der EU. Gouf an der Corona-Kris also alles richteg gemaach? De Rick Mertens freet den Direkter vum Luxembourg Institute of Health.
2/20/202313 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

Stefan Braum

De Professer fir Droit vun der Uni Lëtzebuerg mat Conclusioune vun engem Fuerschungsprojet iwwer den Ëmgang mat rechtsstaatleche Prinzippie wärend der Pandemie. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
2/17/202314 minutes, 13 seconds
Episode Artwork

Carole Reckinger

Déi politesch Spriecherin vun der Caritas iwwer d'Revendicatiounen, mat deenen d'ONG déi politesch Parteien am Virfeld vun de Gemengewalen konfrontéiert. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
2/16/202314 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

Fernand Ernster

Wéinst dem Luc Frieden sengem politesche Comeback ass de Geschäftsmann plëtzlech an onerwaart un d'Spëtzt vun der Chambre de Commerce katapultéiert ginn. Wat si seng Pläng? freet de Maurice Molitor.  
2/15/202314 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

Pierre Reding

Deen neie Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch schwätzt iwwer d'Ëmsetzung vum Aktiounsplang, dee säi Virgänger him hannerlooss huet. De Maurcie Molitor féiert duerch d'Gespréich.
2/14/202316 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

Aline Rosenbaum

Froe vum Maurice Molitor un déi nei Directrice vun der ULC, dem Lëtzebuerger Konsumenteschutz.
2/13/202313 minutes, 3 seconds
Episode Artwork

Claudia Major

Den ukrainesche President gëtt sech net mat Panzerliwwerungen zefridden: Hie fuerdert, datt de Westen och Kampffligeren zur Verfügung stellt. Geet dat net ze wäit? De Rick Mertens freet eng däitsch Sécherheetsexpertin.
2/10/202318 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

Myriam Cecchetti

déi Lénk fuederen, datt de Pensiounsfong net méi a fossil an nuklear Energie investéiert. Ass dat wierklech sënnvoll, a wéi kéint een et maachen? De Rick Mertens freet déi zoustänneg Deputéiert.
2/9/202312 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

Sergio Ferreira

Et hu nach net vill Auslänner sech ugemellt fir bei de Gemengewalen matzemaachen - obwuel dës Kéier jiddwereen, dat ka maachen, egal wéi laang ee schonn am Land ass. Wat leeft do schif? De Rick Mertens freet de politeschen Direkter vun der ASTI.
2/8/202315 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

Charles Muller

De Wirtschaftsberoder war laang bei der DP engagéiert - elo geet hien awer fir déi gréng an d'Gemengewalen. Wouhier kënnt dee Sënneswandel? Moderatioun: Rick Mertens
2/7/202311 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Michèle Detaille

E Gespréich iwwer Wuesstem, Energiekäschten, Inflatioun an Aarbechtszäitverkierzung mat der Presidentin vum Industrielle-Verband FEDIL. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
2/6/202314 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

Armand Wildanger

Deen neie President vum NGL-SNEP iwwer d'Schwieregkeete vun enger klenger Gewerkschaft, hir Plaz am Schiet vun OGBL an LCGB ze behaapten. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
2/3/202314 minutes, 13 seconds
Episode Artwork

Luc Frieden

Froe vum Maurice Molitor un den designéierte Spëtzekandidat vun der CSV fir d'Chamberwalen 2023
2/2/202316 minutes, 41 seconds
Episode Artwork

Dr. Paul Wirtgen

De Generaldirekter vum Centre Hospitalier du Nord (CHdN) iwwer d'Schlasskéier, de Projet vun enger neier Klinik (mat Centre médical niewendrun) zu Wolz. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
2/1/202313 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

Jean-Claude Hollerich

De Lëtzebuerger Kardinol iwwer seng Roll am weltwäite Synodale Prozess an iwwer den aktuellen Zoustand vun der Kathoulescher Kierch. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
1/31/202316 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

Alex Donnersbach

De fréiere Minister Luc Frieden soll bei de Chamberwalen am Oktober nationale Spëtzekandidat vun der CSV ginn. Wat hält den CSJ-President dovunner? D'Pia Oppel schwätzt mam Alex Donnersbach doriwwer, wat dëse Personalchoix iwwer déi gréissten Oppositiounspartei ausseet.
1/30/202313 minutes, 20 seconds