Winamp Logo
RTL - BicherLies Cover
RTL - BicherLies Profile

RTL - BicherLies

Luxembourgish, Literature, 1 season, 28 episodes, 3 hours, 24 minutes
About
Ee Bicher-Podcast an deem Lëtzebuerger Bicher, an déi international Aktualitéit, am Mëttelpunkt stinn.
Episode Artwork

28. Schrëftsteller am "Kräizverhéier": De Jean Schoos, 26/06/2024

"Gudde Gendaarm - béise Gendaarm" Mat "Attentat", dem 5ten a leschte Fall fir de Sûreté-Offizéier René Fischbach, geet déi beléifte Krimi-Serie op en Enn. 1983. De Fischbach ass zënter 20 Joer am Déngscht an huet de Rang vum Majouer erreecht. Säin Idealismus ass am Laf vun de Joren allerdengs op der Streck bliwwen. En Attentat, eng Erpressung, an, net zulescht, eng Läich am Stauséi, stëppelen awer säi Virwëtz. War deen Doudegen mam Cric um Fouss wierklech just en harmlosen däitsche Journalist deen e  Buch iwwer d'Lëtzebuerger Schwäiz schreiwe wollt? Bei senger Enquête stéisst de Fischbach nees op säin éiwege Géigespiller, de Lacaf, an den Dickweiler Krees ass natierlech och net wäit. Mä de Fischbach beweegt sech op dënnem Äis... An dëser Episode vum Podcast RTL BicherLies enquêtéieren de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip an natierlech huelen si den Haaptverdächtegen, den Auteur Jean Schoos, an d'Kräizverhéier! Hie verréit hinnen wou seng Faszinatioun fir Krimien hirkënnt, wéi ee Konzept hannert der Serie "Gudde Gendaarm - béise Gendaarm" stécht, an wat hien als nächst schreiwe wëll, elo wou den Dossier Fischbach ofgeschloss ass.  Iwwer dës Bicher an Auteuren gëtt soss nach am Podcast geschwat: D'Maj Sjöwall (1935-2020) an de Per Wahlöo (1926-1975) waren eng schwedesch Schrëftsteller-Koppel déi als Pionéier vum skandinavesche Krimi gëllen. Hire Roman-Zyklus an 10 Bänn dréit den Titel: "Roman über ein Verbrechen". Och den US-amerikanesche Schrëftsteller Ed McBain (1926-2005) gehéiert zu de grousse Virbiller vum Jean Schoos. Den Horst Bosetzky huet seng Krimien deelweis ënnert dem Pseudonym "-ky" geschriwwen Orlando Figes: "Krimkrieg. Der letzte Kreuzzug" (Berlin Verlag, 2011) Herfried Münkler: "Welt in Aufruhr: Die Ordnung der Mächte im 21.Jahrhundert"  (Rowohlt Berlin 2023) Christopher R.Browning: "Ordinary Men: Reserve Police Battalion 101 and the Final Solution in Poland" (Harper Perennial, 1998)
6/26/202443 minutes, 46 seconds
Episode Artwork

27. Weltbibliothéik: Ganz no bei eis: Literatur aus Holland a Flandern, 29/04/2024

An hirer Weltbibliothéik waren de Jérôme an d'Bea schon a Mëttelamerika, a Kanada oder am Myanmar. Haut geet d'Rees awer net ganz esou wäit! Ënnert dem Motto „Alles außer flach“ waren Holland a Flandern dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse. Grond genuch fir eis zwee BicherLieser sech mat der Literatur aus Benelux auserneenzesetzen! A si waren hellop begeeschtert. Net nëmme Klassiker wéi de Cees Noteboom oder de Jeroen Brouwers hunn et hinnen ugedoen, mä och zäitgenëssesch Auteuren wéi de Gerbrand Bakker, d'Lize Spit oder d'Gaea Schoeters. An: de Gijs Wilbrink dee mat sengem Débutroman "Tiere" direkt den Duerchbroch gepackt huet an deen dem Jérôme an dem Bea en Interview ginn huet. Hie verréit ënner anerem wat et mat der misteriéiser Regioun "Achterhoek" op sech huet a firwat de Vincent Van Gogh fir hien esou eppes wéi eng Punk-Ikon ass. Iwwer dës Bicher gëtt geschwat: "Tiere" Gijs Wilbrink (Ullstein) "Der Sohn des Friseurs" Gerbrand Bakker "Kontur eines Lebens" Jaap Robben "Der ehrliche Finder" Lize Spit "Trophäe" Gaea Schoeters "Angerichtet" (Het Diner) Herman Koch "Was man sät" Marieke Lucas Rijneveld „Alles außer flach“ (divers) Essays über aktuelle Literatur aus den Niederlanden und Flandern
4/29/202429 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

26. Am Kräizverhéier: d'Schrëftstellerin Fabienne Faust, 18/02/2024

De Jérôme an d'Bea ënnerhalen sech mat hir iwwer hirt neit Buch "Die Häuser von drüben",e Band mat Kuerzgeschichten op Däitsch. D'Fabienne Faust huet sech bis elo éischter en Numm als Lyrikerin gemaach, an dat a verschiddene Sproochen. Mat "Tu veux danser" (éditions Phi 2014) oder "Hier - ein Fehlen" (éditions Phi 2020) huet si sech an der Poesie-Zeen zu Lëtzebuerg etabléiert. Weider ervirzesträichen ass zum Beispill nach hir Mataarbecht um Sammelband "High Five" (Black Fountain Press 2019) zu dem si Gedichter op Englesch bäigesteiert huet. Mat hirem neitste Buch "Die Häuser von drüben" geet si op en neie Wee, et ass e Band mat Kuerzgeschichten op Däitsch. Am Interview mam Jérôme Jaminet a mam Bea Kneip erzielt si, wat si dozou inspiréiert huet, a firwat de Bléck aus der Fënster an op "Die Häuser von drüben" fir si esou wichteg ass. "Die Häuser von drüben" vun der Fabienne Faust ass bei den éditions Phi erauskomm D'Kuerzgeschicht "Summer Flakes" vun der Fabienne Faust ass am Recueil "Solarpunk" enthalen, erauskomm bei "Aner Welten"
2/18/202426 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

25. Weltbibliothéik: Literatur aus Slowenien, 14/12/2023

2023 war Slowenien Gaaschtland op der Frankfurter Buchmesse. De Jérôme an d'Bea hu sech an déi slowenesch Literatur eragelies "A Honeycomb of Words" oder "Waben der Worte" dat war de Motto vun der slowenescher Präsenz zu Frankfurt. An hirer Präsentatioun erklären d'Organisateuren dat esou:"So wie de Bienen - angesichts ihrer Größe- unermesslich weit in die Welt hinausfliegen, um mit einem Tropfen Nektar und einem Pollenkorn heimzukehren, so kamen auch verschiedene kulturelle, künstlerische und intellektuelle Einflüsse in die slowenische Sprache und die slowenische Kultur...So entstand eine Kultur, die die europäische Vielfalt widerspiegelt und zugleich einzigartig und originell ist. Es ist eine eigenständige Zelle, die weiß, dass sie ihre Existenz und Entwicklung der Eingebundenheit in die Wabe der Menschheit verdankt." Slowenien ass e klengt Land, mat ronn 2 Milliounen Awunner. Dass seng Literatur awer alles anescht wéi kleng ass, dovu konnten de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech iwwerzegen. Si hu Bicher vu prominente sloweneschen Auteuren wéi dem Drago Jančar, der Mojca Kumerdej an dem Aleš Šteger gelies a sech mat der Katja Stergar (Directrice vun der slowenescher Buchagence) souwéi der amerikanesch-slowenescher Autorin Erica Johnson Debeljak ënnerhalen. A si hunn och e puer slowenesch Spezialitéiten dégustéiert! Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat: "Als die Welt entstand" Drago Jančar "Unter die Oberfläche" Mojca Kumerdej "Das Lachen der Götter" Aleš Šteger "Verliebt, verheiratet, verwitwet, verhurt" Erica Johnson Debeljak (S.Marix Verlag) "Die Wilden und die Eleganten - Neue Literatur aus Slowenien" zusammengestellt von Aleš Šteger (Die Horen, Zeitschrift für Literatur, Kunst und Kritik, Nummer 291) Wallstein Verlag
12/14/202332 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

24. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Jean Back, 24/10/2023

Mat "Nuebelschnéier" huet de Jean Back e ganz perséinlechen Erzielband erausbruecht. "Nuebelschnéier", dat sinn zwou Kuerzgeschichten an e Kapitel mat Textfragmenter déi op den éischte Bléck näischt mateneen ze dinn hunn, déi awer all iergendwéi zesummenhänken. "De Firmi" gëtt aus der Siicht vun engem klenge Jong erzielt, deen an enger Psychiatrie ass, well e vu senger Mamm mësshandelt gouf. Trotzdeem wënscht en sech näischt méi wéi nees bei si ze kommen. "De wäissen Tiger" spillt an engem Altersheem. Den Enkel, dee seng Bom regelméisseg do besicht, fënnt no an no méi iwwert hier Jugendzäit eraus a léiert déi eeler Damm vun enger ganz anerer Säit kennen. An "Ze déif a d'Gewan gekuckt - 20 Glieser an e puer Schierbelen" verschafft de Jean Back den Doud vu senger Mamm, déi viru kuerzem am Alter vun 93 Joer gestuerwen ass. Am Interview mat de "BicherLieser" Jérôme Jaminet a Bea Kneip verréit de Jean Back wéi en duerch de Roger Manderscheid un d'Schreiwe komm ass, hien erzielt vun enger Schoulaufgab déi him, Joren duerno, e wichtege Literaturpräis abruecht huet an hie geet op dee schwierege Prozess vun der Trauer ëm seng Mamm an. De Jean Back, Joergang 1953, schreift op Däitsch an op Lëtzebuergesch. Mat "Wollekestol" huet hien 2003 säin éischte Roman bei den Editions ultimomondo erausbruecht. Fir seng Novelle "Amateur" gouf hien 2010 mam European Prize for Literature ausgezeechent. Nieft der Literatur interesséiert sech de Jean Back och fir Molerei, Fotografie a Film. Vun 1989 bis 2015 war hien Direkter vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA) zu Diddeleng. "Nuebelschnéier" vum Jean Back ass bei Kremart Edition erauskomm.
10/24/202337 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

Weltbibliothéik: Literatur aus Spuenien, 20/09/2023

Méi wéi Stéierkampf a Sangria: De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip maachen en Tour iwwer déi iberesch Hallefinsel Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat: "Tage ohne Cecilia" Antonio Muñoz Molina "Die Mauersegler" Fernando Aramburu "Die Reise nach Ordesa" Manuel Vilas "Mein Herz so weiß" Javier Marías "Mitten im Sommer" Ana Iris Simón "Geliebte und Feinde" Rosa Montero "Das Schweigen des Sammlers" Jaume Cabré "Singe ich, tanzen die Berge" Irene Solà "Juan Belmonte. Stiertöter" Manuel Chaves Nogales Am Interview: d'Journalistin a Schrëftstellerin Rosa Montero
9/20/202335 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

22. De Pit Hoerold schreift Gedichter géint de Krich, 20/07/2023 07:57

A sengem neie Gedichtband "Das Karussell von Odessa" beschäftegt de Pit Hoerold sech mam Krich an der Ukraine. D'Situatioun tëscht der Ukraine a Russland hat hie scho laang virum 24ste Februar 2022 am Bléck. Wéi de Krich dunn ausgebrach ass, war et dem gebiertege Beetebuerger wichteg, sech och literaresch domat ausenaner ze setzen. De Pit Hoerold ass net nëmme Lyriker, mä och Museker, Auteur vu Kannerbicher, an hien ass ee vun de Pappen vum Prix Laurence, bei dem all Joers jonk Auteuren tëscht 12 a 26 Joer hir Texter areeche kënnen. Haaptberufflech huet hie sech mat Publicitéit beschäftegt, a senger Fräizäit ass hien e passionnéierte Velosfuerer. Iwwer all dat, an nach villes méi huet hien sech mam Jérôme Jaminet a mam Bea Kneip fir hiere literaresche Podcast "RTL BicherLies" ënnerhalen
7/20/20230
Episode Artwork

21.Am Kräizverhéier: D'Margret Steckel, Laureatin vum Batty-Weber-Präis, 03/06/2023 22:23

Si huet 15 Bicher verëffentlecht, 1997 krut si de Servais-Präis an elo de Batty-Weber-Präis D'Margret Steckel, déi 1934 a Mecklenburg gebuer ass, 1955 d'DDR verlooss huet, an zënter 1983 zu Lëtzebuerg lieft, verschafft an hiere Bicher déi ënnerschiddlechst Themen. Vum Polit-Skandal iwwer Kandheetserënnerungen bis zu engem grousse Roman iwwer d'Famill Servais. Si huet villes z'erzielen an si mécht dat esou spannend dass de Jérôme an d'Bea doriwwer bal d'Zäit vergiessen! Iwwer dës Bicher gëtt am Podcast geschwat: Vun der Margret Steckel: "Aus-Weg-Los" (Erzählung) Lambda, Hamburg 1989 "Nie wieder nirgendwo" 1993 "Der Letzte vom bayrischen Platz" éditions Phi 1996 "Die Träne aus der Wand" Neuer Hochschulschriftenverlag, Rostock 2000 "Die Schauspielerin und ich" éditions Phi 2003 "Servais, Roman einer Familie" éditions Guy Binsfeld 2010 "Ins Licht sehen" (Erzählungen) capybarabooks 2016 "Jette, Jakob und die andern" capybarabooks 2017 "Daisy Fiedler" capybarabooks 2021 "Meine Sprache, mein Farbkasten - Rede zur Literatur 08" CNL 2021 Vun aneren Auteuren: "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen" Elise Schmit, Hydre éditions "Ein Wort in Esels Ohr" Jérôme Jaminet, capybarabooks
6/3/20230
Episode Artwork

20. Weltbibliothéik: Literatur aus Eisterräich, 22/04/2023 18:12

Eisterräich ass dëst Joer Gaaschtland op der Leipziger Buchmesse vum 27sten bis den 30sten Abrëll. Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip fir sech mat der Literatur aus der Alperepublik ze beschäftegen! De Jérôme huet sech souguer druginn, fir de Motto vun der éisterräichescher Präsenz zu Leipzig op déi richteg éisterräichesch Manéier auszeschwätzen. "meaoiswiamia", dat ass guer net esou einfach! Wat sech hannert dem Motto verstoppt, wéi et dem Verlagswiesen an Eisterräich geet, a wéi eng Auteuren an Auteurinnen aus der Alperepublik een op kee Fall verpasse sollt, doriwwer hunn d'Bea an Jérôme sech natierlech och mat der Katja Gasser ënnerhalen. Ausserdeem hu si mat der Helena Adler, enger vun den aktuell erfollegräichste éisterräichesche Schrëftstellerinnen, iwwer hieren neie Roman "Fretten" geschwat, si diskutéieren iwwer dem Michael Köhlmeier seng Roadnovel "Frankie" an si hunn natierlech nach eng ganz Rëtsch Lies-Tipps mat am Gepäck!
4/22/20230
Episode Artwork

19. De Volker Kutscher, Auteur vun de Gereon Rath Romaner, 02/02/2023 15:21

Dem Volker Kutscher seng Krimiserie ass d'Romanvirlag fir d'ARD Kultserie "Babylon Berlin" Zënter 2017 leeft d'Krimi-Serie Babylon Berlin op der ARD an ass mëttelweil scho richteg Kult ginn. D'Tele-Serie baséiert op de Romaner vum Volker Kutscher. De Kommissar Gereon Rath léist am Berlin vun den 1920er an 1930er Joren Mordfäll op. Mat "Transatlantik" ass viru kuerzem den 9te Band vun der Serie erauskomm, an den Auteur Volker Kutscher ass en Dënschdeg 7te Februar 2023 an der Cité Bibliothéik an der Stad op Besuch. Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip fir sech duerch seng Bicher ze schmökeren an natierlech och en Interview mam Volker Kutscher ze maachen. A wann Dir elo virwëtzeg sidd an Iech e bësse méi erziele loosse wëllt, da kënnt Dir Iech fir d'Liesung mam Volker Kutscher umellen, am beschte per Mail op [email protected]. D'Evenement gëtt vum Institut Pierre Werner an Zesummenaarbecht mat der Cité Bibliothéik organiséiert.
2/2/20230
Episode Artwork

18. Jugendliteratur zu Lëtzebuerg, 30/12/2022 08:57

De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip ënnerhalen sech mam Roland Meyer, Anja Di Bartolomeo a Claudine Muno Jugendbicher ginn der hei zu Lëtzebuerg net vill geschriwwen. Wann der an enger Saison 3 beieneen erauskommen, ass et also sécher derwäert, fir déi Bicher an hir Auteure virzestellen! Am neitsten Episode vum literaresche Podcast RTL BicherLies ënnerhalen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam Roland Meyer, mam Anja Di Bartolomeo a mam Claudine Muno. Hir Bicher schwätze ganz ënnerschiddlech Themen un, vum Klimawandel iwwer mental Problemer, häuslech Gewalt, d'Pandemie bis bei d'Sich no der eegener Identitéit. Am Gespréich geet et awer net just ëm d'Bicher u sech, mä och ëm d'Situatioun vun de Jonken am allgemengen. Net vergiess ass och d'Fro: Liesen déi Jonk iwwerhaapt? 3 cool Bicher ginn op alle Fall am Podcast virgestallt, an och d'Auteure selwer hunn e puer Buchtipps matbruecht. "Koma 21" vum Anja Di Bartolomeo ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm "Dëst ass net däi Liewen" vum Claudine Muno ass bei Op der Lay erauskomm "Leandro" vum Roland Meyer ass bei capybarabooks erauskomm
12/30/20220
Episode Artwork

17. Am Kräizverhéier: D'Fabienne Hollwege, 27/11/2022 12:33

D'Schrëftstellerin an Actrice schwätzt iwwer hiert Buch "To LIVE heißt Leben und LIEBE heißt Love" Hiert neit Buch "To LIVE heißt Leben und LIEBE heißt Love" ass e Gesamtkonschtwierk an dem d'Fabienne Hollwege nieft Gedichter a Prosatexter och mat Zeechnungen, Fotoen a Collagë schafft. A mat Musek, well et läit och eng CD mat eegene Lidder a vertounte Gedichter dobäi. Am Interview verréit d'Fabienne Hollwege wéi si hir Lieweserfahrung als Fra, Mamm a Kënschtlerin am Buch verschafft huet, wéi komplex d'Zesummenaarbecht mat ville verschiddene Kënschtler-Kollegen fir dëse Projet war a wéi eng Bicher si an der Lescht am meeschte beandrockt hunn.
11/27/20220
Episode Artwork

16. Weltbibliothéik: D'Literatur aus der Ukraine, 29/10/2022 19:28

An dëser Episod vun der RTL BicherLies schwätzen de Jérôme an d'Bea iwwer Bicher vun ukraineschen Auteur(innen) Et ass derwäert, sech an déi ukrainesch Literatur eranzeliesen! Dat ass de Fazit vum Jérôme Jaminet a vum Bea Kneip, nodeems si sech mat de Wierker vun engem Serhij Zhadan, Tanja Maljartschuk oder Andrej Kurkow beschäftegt hunn. An op der Frankfurter Buchmesse konnten si suguer en Interview mam Andrej Kurkow, dem Auteur vu "Graue Bienen", a ganz rezent op Däitsch iwwersat, "Samson und Nadjeschda" ophuelen! Ausserdeem sinn si 3 ganz engagéierten Damme begéint, déi matgehollef hunn tëscht Mäerz an Abrëll vun dësem Joer eng ukrainesch Bibliothéik am Rollengergronn op d'Been gesat hunn.
10/29/20220
Episode Artwork

15. Willkommen im Technozän!, 08/09/2022 18:05

Dës Gespréichsronn déi den 2te Mee 2022 am Kader vum Beetebuerger Litera-Tour opgezeechent gouf, beschäftegt sech mam Thema kënschtlech Intelligenz. Kënschtlech Intelligenz ass eent vun de groussen Theme vun eiser Zäit. Eng generell kënschtlech Intelligenz oder mënschenähnlech Roboteren wéi se dacks am Film oder an der Literatur beschriwwe ginn, si wuel nach Zukunftsmusek, mä Algorithmen verstoppen sech bal an all Eck vun eisem deegleche Liewen. An engem fréieren Episode vun eiser RTL BicherLies hate mir d'Thema KI an der Literatur schonn opgegraff, a genee dat Thema hunn de Jérôme Jaminet an ech an enger Gespréichsronn verdéift, déi am Kader vun der traditioneller Beetebuerger Litera-Tour an der europäescher Kulturhaaptstad Esch 2022 organiséiert gouf. Den 2te Mee hate mir eis dofir 3 Kl-Koryphäen an de Magic Mirror zu Beetebuerg agelueden. Déi éisterräichesch Schrëftstellerin Raphaela Edelbauer huet fir hire Roman "Dave" dee vun der Konstruktioun vun enger genereller KI erzielt, den éisterräichesche Buchpräis gewonnen. Den däitschen Auteur Dietmar Dath schreift a "Venus siegt" vun enger Mënschheet déi sech um Planéit Venus néiergelooss huet, an do mat Robotoren an onofhängege kënschtlechen Intelligenzen zesummelieft. An de Lëtzebuerger KI-Spezialist Maxime Allard setzt dës Fiktiounen fir eis an de Kontext. Wat ass elo scho machbar, wat ass realistesch a wéi eng praktesch an ethesch Froen ginn doduerch opgeworf? Am Gespréich dat Dir hei nach eng Kéier lauschtere kënnt, geet et ënner anerem ëm Autoen déi ouni Chauffeur fueren, ëm Smarthomes a Sexroboteren. D'RTL BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip heeschen Iech domat "Willkommen im Technozän"!
9/8/20220
Episode Artwork

14. De Bachmannpräis 2022, 11/07/2022 09:16

Ausgangs Juni waren zu Klagenfurt an Eisterräich déi 46st "Tage der deutschsprachigen Literatur". Den RTL-Bicher-Lieser Jérôme Jaminet war dobäi. 14 Schrëftsteller a Schrëftstellerinne waren invitéiert fir aus hiren Texter ze liesen, an der Hoffnung dee mat 25000€ dotéierten Ingeborg-Bachmann-Präis ze gewannen. Wien den Haaptpräis gewonnen huet a wéi eng Texter mat engem vun deenen anere Präisser belount goufen, doriwwer ënnerhalen sech de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip an der neister Episode vun der RTL BicherLies. Dass déi 7 Jurysmemberen net ëmmer enger Meenung waren a mat Momenter nawel zolitt gestridde gouf, wéi eng Texter aus dëse Sträitgespréicher als Gewënner ervirgaange sinn, a wat déi eenzel Schrëftsteller(innen) sech esou alles afale gelooss hunn fir d'Jury ze beandrocken (mat emol méi an emol manner Erfolleg) ... alles dat gitt Dir am Podcast gewuer! Iwwer dës Texter geet am Podcast rieds: Leon Engler „Liste der Dinge, die nicht so sind, wie sie sein sollten“ Elias Hirschl „Staublunge“ Juan Guse „Im Falle des Druckabfalls“ Alexandru Bulucz „Einige Landesgrenzen weiter östlich, von hier aus gesehen“ Ana Marwan „Wechselkröte“ All dës Texter fënnt een um Site vum Bachmannpräis: bachmannpreis.orf.at Den Débutroman vun der Anna Marwan heescht "Der Kreis des Weberknechts" (Otto Müller Verlag, Salzburg)
7/11/20220
Episode Artwork

13."Das blaue Sofa" kënnt op Lëtzebuerg!, 08/06/2022 18:28

An hirem Podcast RTL BicherLies verrooden de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip, wien den 13te Juni op dem legendäre bloe Canapé Plaz huelen däerf. Wie schon emol zu Frankfurt oder Leipzig op der Buchmesse war, konnt dat Miwwelstéck net iwwersinn: Das blaue Sofa. Op dem bloe Canapé hunn a méi wéi 20 Joer méi wéi 3000 Schrëftsteller a Schrëftstellerinne Plaz geholl, dorënner vill Nobelpräislaureaten an aner bekannte Perséinlechkeeten. Den nächste Méindeg gëtt dat legendäert Miwwel fir een Owend an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg installéiert. Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip fir an der neitster Episod vun hierem Podcast dee bloe Canapé an de Mëttelpunkt ze stellen. Bertelsmann an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik invitéieren op en eemolege literareschen Owend mat 4 Schrëftsteller(innen) aus 3 Länner. D'Jenny Erpenbeck, 1967 zu Ost-Berlin gebuer, ënnerhält sech mam Jérôme Jaminet iwwer hiere Roman "Kairos". Invitéiert ass och den éisterräichesche Buchpräis-Gewënner vun 2018, den Daniel Wisser, deen aus sengem Erzielband "Die erfundene Frau" virliest. D'Lëtzebuergerin Julia Holbe, der hieren éischte Roman "Unsere glücklichen Tage" direkt e Bestseller ginn ass, präsentéiert hiert zweet Buch "Boy meets Girl". An de Samuel Hamen, Literaturkritiker a Schrëftsteller, hëllt eis mat an d'Ënnerwaasser-Welt mat sengem Buch "Quallen". Dës Gespréicher gi vun der Susanne Biedenkopf (ZDF) a vum Michael Sahr (ZDF) moderéiert. Wie wëll dobäi sinn, dee soll sech de Méindeg 13te Juni um 19 Auer an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg als Rendez-vous verhalen. D'Entrée ass gratis, et muss een sech awer umellen. Gratis Ticketen fënnt een op www.tickettailor.com (De Link ass ze fannen um Site vun der Nationalbibliothéik www.bnl.lu)
6/8/20220
Episode Artwork

12. Den Nobelpräis-Laureat Abdulrazak Gurnah am Interview, 30/03/2022 13:31

An dëser Episode beschäftegen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam Wierk vum Abdulrazak Gurnah, dem Gewënner vum Literatur Nobelpräis 2021 Den Abdulrazak Gurnah, 1948 am Sultanat Sansibar gebuer, lieft a schafft zënter de 60er Joren a Groussbritannien. Hien ass Professer fir englesch a postkolonial Literatur un der University of Kent. 2021 gouf him den Nobelpräis fir Literatur zouerkannt. Seng Wierker waren zu dem Zäitpunkt nach net all op Däitsch iwwersat, an déi déi schonn iwwersat waren, waren dacks vergraff. Elo sinn 2 vu senge Romaner nei op Däitsch erauskomm. De Jérôme an d'Bea hu se gelies, an si hate souguer d'Gelegenheet fir sech mam Auteur doriwwer z'ënnerhalen.
3/30/20220
Episode Artwork

11. Weltbibliothéik: D'Literatur vun de Philippinnen, 27/02/2022 20:03

Méi wéi 7000 Inselen an iwwer 100 Milliounen Awunner, dat sinn d'Philippinnen. D'Bevëlkerung setzt sech aus ville verschiddenen Ethnien zesummen, an et ginn e sëlleche Sprooche geschwat. Déi geographesch Distanz vu ronn 10.000 Kilometer iwwerbrécken eis RTL Bicher-Lieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip wéi gewinnt, mat Hëllef vun der Literatur. Dofir hu si sech net nëmmen a Bicher vun de Philippinne verdéiwt, mä si hu sech och mat Experten ënnerhalen, deenen si um philippinesche Stand op der Frankfurter Buchmesse begéint sinn. De Jérôme huet sech souguer mat philippinesche Sprachwierder beschäftegt! Ausserdeem gidd Dir gewuer wien oder wat den "Tikbalang" ass, an et ginn et och nees eng ganz Rëtsch Buchtipps, vu Klassiker iwwer zäitgenëssesch Literatur, bis bei Kannerbicher a Graphic Novels. Souguer eng philippinesch Netflix-Serie kënnen de Jérôme an d'Bea Iech recommandéieren.
2/27/20220
Episode Artwork

10. Am Kräizverhéier: d'Schrëftstellerin Nora Wagener, 29/01/2022 17:53

An der «RTL BicherLies» hunn de Jérôme Jaminet an d’Bea Kneip dës Kéier déi jonk Schrëftstellerin a Servais-Laureatin vun 2017, Nora Wagener op Besuch. Si ënnerhalen sech, dës Kéier am virtuelle Studio, mat hir iwwer hiren neie Kuerzgeschichteband «Was habe ich verpasst» dee bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm ass. No engem Ausfluch an d’Welt vum Roman leet d’Nora Wagener mat hirem neie Buch «Was habe ich verpasst» nees eng Sammlung vun 12 Kuerzgeschichte vir, an deenen d’Protagonisten d’Liewen einfach esou laanscht sech lafe loossen, ouni et wierklech richteg an d’Hand ze huelen. Kuerzgeschichte si jo d’Spezialitéit vun der jonker Autorin Wéi e Buchtipp d’Nora Wagener matbruecht huet, wéi si d'Literaturkritik zu Lëtzebuerg gesäit a wat et mat hirer «China Connection» op sech huet, dës an eng ganz Rëtsch weider Froen ginn an der RTL BicherLies beäntwert.
1/29/20220
Episode Artwork

9. Am Kräizverhéier: D'Lyrikerin Ulrike Bail, 06/12/2021 08:36

2020 huet si de Concours Littéraire gewonnen, 2021 krut si de Prix Servais. De Jérome Jaminet an d'Bea Kneip huelen d'Ulrike Bail an d'Kräizverhéier. Gëtt haut iwwerhaapt nach Poesie gelies? A wéi soll een als Lieser un e Gedichtband erugoen? Doriwwer ënnerhalen sech de Jérôme an d'Bea mat der Lyrikerin a Servais-Laureatin Ulrike Bail. Ausserdeem schwätze si iwwert den neie Gedichtband "statt einer ankunft" (mam Manuskript vun dësem Gedichtband huet d'Ulrike Bail 2020 den nationale Literaturconcours gewonnen) an d'Lyrikerin erzielt wéi si d'Inspiratioun fir hir Gedichter op...Busarrêten fonnt huet.
12/6/20210
Episode Artwork

8. D'Thema kënschtlech Intelligenz an der Literatur, 30/10/2021 20:22

Am Interview: De KI-Expert Maxime Allard an de Journalist a Schrëftsteller Dietmar Dath Roboteren a kënschtlech Intelligenzen si scho laang en Thema a Filmer a Bicher. De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip setzen sech an der neitster Episode vun der RTL BicherLies mat zwee rezente Bicher zu dem Thema auserneen an diskutéiere mam Schrëftsteller a Journalist Dietmar Dath. A si loosse sech vun engem Expert erklären wéi realistesch esou Duerstellunge sinn. Iwwer dës Bicher gëtt diskutéiert: Kazuo Ishiguro: "Klara und die Sonne" , Blessing Verlag (Originaltitel: Klara and the Sun) Ian McEwan: "Maschinen wie ich" (Machines like me) Dietmar Dath: "Gentzen oder: Betrunken aufräumen" Verlag Matthes Seitz Berlin
10/30/20210
Episode Artwork

D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 16/09/2021 17:02

7. Am Kräizverhéier: De Francis Kirps De Francis Kirps huet 2020 fir säin Erzielband "Die Mutationen" direkt 2 wichteg Literaturpräisser gewonnen: De Servais-Präis, mä och den europäesche Literaturpräis EUPL. An der RTL BicherLies geet et awer ëm säin neiststent Buch. "Eber im Nebel - von Tieren und anderen Verwandten" sou de kompletten Titel. An do geet et ëm politesch engagéiert Dinosaurier, ugrëffeg Villercher, mutéiert Mais a kultivéiert Insekten. Dernieft kënnt och eng Galapagos -Deckelsmouk zu Wuert an e gespenstesche Stand-Up Comedian dreift säin Onwiesen. Mä och wann dem Francis Kirps seng Protagoniste meeschtens Déieren oder op d'mannst iwwernatierlech Wiese sinn, geet et letztendlech dach ëm d'Mënschen. De Francis Kirps léisst sech vum Jérôme Jaminet a vum Bea Kneip e Lach an de Bauch froen. Ausserdeem huet hien nach e Buchtipp matbruecht, hie setzt sech kritesch mam Bachmann-Präis auserneen an en erzielt, wéini a wou déi nächste Liesunge geplangt sinn. Zum Beispill den 22ste September 2021 an der Nationalbibliothéik, wou en sech der nationaler an internationaler Literaturkritik stellt.
9/16/20210
Episode Artwork

6. Am Kräizverhéier: Den Auteur a Museker Luc François, 04/08/2021 09:24

Science Fiction ass d'Thema vum neisten Episode vun eisem Podcast "RTL BicherLies". De Luc François schwätzt iwwer säin neie Roman "Ikaria" "Ikaria" ass net nëmmen e Roman, mä oc e Concept-Album vun der Band Mindpatrol. De Sänger vu Mindpatrol, de Luc François, huet net fir d'éischt e "Roman zum Album" geschriwwen. Och bei sengem vireschte Roman "Vulture City" gëtt et en Album vu Mindpatrol. Net nëmmen dat, mä "Vulture City" an Ikaria" hänken och thematesch zesummen. Wat dat bedeit, erklärt de Luc François am Interview. Ausserdeem erzielt hien, wéi hien haut op säin éischte Roman "Der Dämon der Monde" zeréckkuckt, deen hien am Alter vun 13 Joer geschriwwen huet, a wéi ee Buch hien als Liestipp mat an d'RTL BicherLies bréngt. An e gëtt natierlech vum Jérôme a vum Bea an d'Kräizverhéier geholl.
8/4/20210
Episode Artwork

D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 27/06/2021 14:27

5. En neie Berlin-Roman mam Titel "Arbeit" a Literatur aus dem Québec De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip huelen Iech nees mat op d'Rees. Dës Kéier geet et no engem Tëschestopp zu Berlin weider iwwert de grousse Pull a Kanada. Als "Buch vun der Stonn" hunn de Jérôme an d'Bea de Roman "Arbeit" vum Thorsten Nagelschmidt erausgesicht, den an enger Mäerz-Nuecht zu Berlin spillt. An hirer "Weltbibliothéik" zitt et si dës Kéier a Kanada, méi genee an de franséischsproochegen Deel, also de Québec. Si hu sech an d'quebecesch Literatur eragelies, a sech awer och vun engem Expert berode gelooss. De Sébastien Lefebvre vun der ANEL (Association nationale des éditeurs de livres/Québec éditions) erzielt hinne wéi eng Auteuren et derwäert sinn, dass een sech méi genee mat hinne beschäftegt.
6/27/20210
Episode Artwork

D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 11/05/2021 13:46

4. Am Kräizverhéier: D'Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux Invitée an der RTL BicherLies ass haut d’Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux . Mat „Subridere, un aller simple“ hat si 2017 en éischte Roman virgeluecht an dem eng erfollegräich jonk Affekotin stënterlech decidéiert alles stoen a leien ze loossen, an en Zuch op Paräis ze huelen. An hirem neie Roman mam Titel „Le Chesterfield du cinquième“ schléit si méi optimistesch Téin un. Am Mëttelpunkt steet d’Frëndschaft tëscht zwee ongläiche Personnagen, deem jonke Luka a sengem Noper vum fënnefte Stack. D’Nathalie Ronvaux erzielt dem Jérôme an dem Bea vun hirem Buch, hirer Aarbecht als Vizepräsidentin vum neie Schrëftsteller-inne-Verband a si verréit wéi ee Roman si ganz besonnesch beandrockt huet.
5/11/20210
Episode Artwork

D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 10/04/2021 08:48

3. Bicher aus Ägypten an aus dem Myanmar D'Rees geet dës Kéier a Südostasien, méi genée an de Myanmar. Um Wee fir dohinner maachen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip awer nach eng Tëschelandung an Ägypten. Als Buch vun der Stonn hunn si sech "Die Republik der Träumer" vum ägyptesche Schrëftsteller Alaa Al-Aswany erausgesicht. Den Auteur, deen haut zu New York am Exil lieft, war dobäi wéi 2011 op der Tharir-Plaz zu Kairo dat "arabescht Fréijoer" agelaut gouf. Den Dram vun der Demokratie schéngt och am Myanmar nom Militärputsch vum 1te Februar virleefeg ausgedreemt ze sinn. De Jérôme an d'Bea interesséieren sech an hirer Weltbibliotéik fir dat südostasiatescht Land a bliederen ënner anerem a Bicher vu burmeseschen Autorinnen, awer och am Roman "Tage in Burma" vum George Orwell. Ausserdeem hu si sech mam Fotojournalist Andreas Pröve ënnerhalen, dee scho véier mol an de Myanmar gereest ass, an dobäi eng 3000 Kilometer hannert sech bruecht huet. Am Rollstull.
4/10/20210
Episode Artwork

D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 28/03/2021 10:27

2. De Jean Beurlet (an de Jérôme Jaminet) am Kräizverhéier "The Pleasure of Drowning" an "Ein Wort in Esels Ohr" dat sinn d'Titelen vun deenen 2 Bicher ëm déi et an dëser Episode vun der "BicherLies" geet. De Jérôme Jaminet an d’Bea Kneip ginn nees an d’BicherLies! An der neitster Episode vun hirem Podcast ass de Jean Beurlet, alias Jean Bürlesk hiren Invité. Mat him ënnerhalen si sech iwwer säin Erzielband „The Pleasure of Drowning” , seng Virléift fir Fantasy a säin neit Theaterstéck mam Titel "Pas un pour me dire merci" dat am Abrëll am Escher Theater uleeft. A fir de Jérôme gëtt et eng Iwwerraschung...Well net nëmmen de Jean Beurlet gëtt an d'Kräizverhéier geholl. De Jean an d'Bea dréinen de Spiiss ëm a froen de Jérôme iwwer säin neit Buch "Ein Wort in Esels Ohr" aus.
3/28/20210
Episode Artwork

D'Welt vun der Literatur bei Iech doheem, 24/02/2021 07:28

1. Vu Kalifornien iwwer Mexiko a Mëttelamerika nees zeréck op Lëtzebuerg An dëser éischter Episod vun der RTL BicherLies ënnerhalen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mam US-amerikanesche Schrëftsteller T.C.Boyle, si interesséieren sech fir d'Literatur aus Mexiko a Mëttelamerika a si huelen den Tullio Forgiarini an d'Kräizverhéier.
2/24/20210